StauséiDigital Panneaue solle Parkplaze-Problem léisen

RTL Lëtzebuerg
De Stauséi kënnt an de Summerméint an dësem Joer dacks u seng Capacitéitsgrenzen. Knascht an d'Parkplaze sinn den Haaptproblem.
© RTL Archivbild

Samschdes den 18. Juni war de Stauséi vu Visiteuren iwwerrannt ginn.

Nom Weekend hu Ponts et Chaussées méi wéi 6 Tonnen Dreck mat ewech geholl. De Käschtepunkt fir d’Entsuergung louch bei 1240 Euro.

D’Police huet 24 Protokoller geschriwwen, well géint déi spezifesch Reglementatioune vum Uewersauer-Stauséi verstouss gouf. Do sinn d’Infraktiounen a punkto de Code de la Route net mat agerechent.

Wat de Parking ugeet, solle geschwënn digital Panneauen installéiert ginn, déi an Echtzäit weise sollen, wou Parkplaze fräi sinn.

Den zoustännege regionalen Tourismusbüro an den Naturpark Uewersauer schaffen iwwregens un engem spezifeschen Tourismus-Konzept fir de Séi. Éischt Detailer sollen hei am Hierscht presentéiert ginn.

Dat alles äntwert déi gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring dem LSAP-Nord-Deputéierte Carlo Weber op eng Question parlementaire.

Hotspot Stauséi: Delikaten Equiliber tëscht Spaass beim Waasser a Respekt vu Verhalensreegelen
Stauséi-Problematik: Éischt Solutioune fir am Hierscht?

Back to Top
CIM LOGO