De Sauer-Stauséi kënnt iwwert déi méi heefeg hëtzeg Summerdeeg ëmmer déi dacks u seng Capacitéitsgrenzen. D’Konsequenze sinn deels onerdréiglech fir déi lokal Populatioun. Afaarten a Sécherheetsperimetere ginn zougeparkt. Et entsteet méi Knascht, ëm deen d’Gemenge sech musse këmmeren an och de Vandalismus huet iwwert déi lescht Joren zougeholl. E Mëttwoch gouf an enger spezieller Kommissioun mat de lokalen Acteuren an der nationaler Politik no Léisunge gesicht.
Ma allem virop ass kloer: Méi grouss ginn d’Plagen net gemaach. A méi Parkplazen ewéi déi aktuell 1.800 sinn net geplangt. De Buergermeeschter vun Esch-Sauer Marco Schank betount, datt een net drop aus ass, ëmmer méi Leit z’empfänken. “Mir hunn net déi Infrastrukturen a mir wëlle se an Zukunft och net hunn. Et sinn dem Staat seng Plagen an ech mengen och de Staat, wann een tëscht den Zeile liest, net intresséiert ass, datt méi Leit heihinner kommen. Eis Plage si méi ewéi saturéiert, dat huet een den 18. Juni gesinn.”
Méi ewéi zwou Stonne gouf an der 3. Stauséi-Kommissioun an 2 Joer diskutéiert. Dobäi waren déi concernéiert Gemengen, Vertrieder vum Naturpark, vun der Police, vum CGDIS a vu Pont & Chaussée. Problemer sinn zanter Jore bekannt, eng neutral Etüd iwwert Visiteuren an hir Gewunnechte leeft, seet de Charles Pauly, President vun der Stauséi-Kommissioun an dem Naturpark Uewersauer.
“Ech denken, et ass ni, datt alles vun engem Dag op deen aneren ëmgesat gëtt. Et muss ee sech Zäit bei den Decisioune loossen. Ech denken, datt mer elo awer spéitstens fir den Hierscht bestëmmten Iddie vläicht kënnen ëmsetzen. Mir diskutéieren déi elo nach duerch.“
Iddie sinn der e puer ënnerwee: Barrièren op de Parking, déi déi fräi Plazen zielen. Eng Limitte vun der Visiteurszuel. Eng Lëscht mat méigleche Verstéiss, wou de Polizist net allkéiers muss e Rapport schreiwen bei engem Avertissement, respektiv en zweete Ranger, esou de Charles Pauly.
“Mir iwwerleeën eis och, wat ee vläicht mat engem Agent Municipale kënne maachen. Mä dat ass alles och nees eng Saach vu Finanzen. Mir kënnen net alles op d’Gemengen oder den Naturpark ofwälzen.”
Bis dat d’Blo-Algen d’Stauséi-Saison op en Enn bréngen, schaffen d’Acteuren aus de fënnef Gemengen déi nächst Wochen nach enk zesummen, erkläert de Marco Schank.
“Och dëse Weekend ass nees eng Patrull méi vun der Police ënnerwee. Da seet den RGTR mer, datt d’Busser de Weekend op de Séi nach méi enk beienee fueren. D’Busser an d’Chauffere si prett. Jidderee probéiert bei sech ze kucken, wat kuerzfristeg ka gemaach ginn.”
Och bei de responsabele Ministère wier Demande no Hëllef nom 18. Juni séier ukomm. An den nächste Méint sollen hei konkret Punkte verbessert ginn, ënner anerem bei den hygienesche Strukturen.