Dëse Summer huet et bis elo a sech. Déi héich Temperaturen hu matsechbruecht, datt d’Situatioun ronderëm de Stauséi fir Schlagzeile suergt: Verkéierschaos, iwwerfëllt Plagen, Dréck a Kaméidi.
E Samschdeg war u sech en Idealen Dag, bei Temperaturen ëm déi 27 Grad. Kéng haart Musek op de Plagen, Plaz op de Parkingen. An awer hunn Automobilisten et fäerdeg bruecht, falsch ze parken. Wien net lauschtere wëll, muss bezuelen.
Eng RTL-Ekipp huet dem Ranger bei senger Aarbecht iwwer d’Schëller gekuckt. Dem Tom Schmit seng Missioun ass, mat de Leit an d’Gespréich kommen, fir opzeklären, a puncto Verhalensreegelen.
“Bei 26 bis 27 Grad ass de Punkt nach net erreecht, datt Jidderee wëll op de Stau kommen. Dat fänkt eréischt bei iwwer 28 Grad un, wou da wierklech d’Masse kommen, wou et mat de Parkingen net méi duergeet. Haut ass et optimal. Et sinn e puer Wolleken do. Et héier een net vill Kaméidi. Wat och gutt ass. Et spillt kéng Musek, d’Leit kënne gemitterlech e Buch liesen,” sou de Ranger Tom Schmit.
Brandspuere vu Barbecuë erënneren drun, dat d’Stëmmung de leschte Weekend nach eng ganz aner war. “Fir sech dat genau virzestellen, dat ass einfach onméiglech.” Dann ass d’Aarbecht fir de Ranger richteg ustrengend.
Hëtzt an Alkohol, d’Optrieden am Grupp: Déi lescht Weekender ass munches ronderëm de Stauséi schif gelaf. U sech Verhalensreegelen aus dem Alldag waren op ee Mol vergiess. Déi verstäerkt Presenz vun der Police ass eng wichteg Ënnerstëtzung fir de Ranger.
“Den Haaptproblem ass d’Musek. Direkt iwwert der Plage sinn Haiser. Et muss een d’Awunner verstoen. Uewelaanscht hu se vill Kaméidi, well d’Leit laanschtfueren, fir eng Parkplaz ze sichen. Ënnelaanscht hu se vill Kaméidi, well d’Leit haart Musek lauschteren, d’Hënn billen. Et ass vill Damp wéinst dem Feier: Dat sinn d’Haaptproblemer. Déi probéiere mer, an de Grëff ze kréien. Dat ass meng Roll, fir bei d’Leit ze goen an opzeklären,“sou den Tom Schmit.
Méi wéi 3 Euro d’Stonn kascht de Parkingen direkt um Bord vum Waasser. Gratis ass souguer de Parking ‘Kéilert’ am Agang vu Ënsber. Wou eng Navette op d’Plage fiert.
Vergiesse soll och keen, dat de Stauséi virun allem ons gréisst Drénkwaasser Reserve vum Land ass.