
Vun engem nohaltegen an inklusive Wuesstem huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot geschwat. Kee lineaire Wuesstem, deen de Mënsch an d’Ëmwelt zerstéiert. Et bräicht een e Modell, bei deem d’Betriber begleet ginn, fir mat manner Energie a Ressourcen auszekommen: “Dat hu mer scho gemaach mat den Neistart-Aiden, déi mer wärend der Pandemie agefouert hunn, déi ausgeluecht waren op Nohaltegkeet, Digitalisatioun an Kreeslafwirtschaft.”
De Wuesstem soll de Sozialisten no an Zukunft net méi just iwwert de PIB gemooss ginn: “De ‘PIB Bien-être’ muss eng nei Norm ginn, déi mer seriö huelen an déi budgetiséiert ginn. Mir mussen eis Objektiver ginn, déi ekonomesch sinn, mee och op d’Ëmwelt an d’soziaalt Wuelbefanne vun de Mënschen aginn.”
Mam Bléck an d’Zukunft géif och kee Wee laanscht d’kënschtlech Intelligenz féieren: “An dofir brauche mer och do eng Strategie. Dat ass eppes, wat mer fuerderen. Nieft der Infrastruktur, déi mer hunn, brauche mer eng Strategie, wéi mer et asëtzen am Interessi vun eiser Wirtschaft, mee och am Interessi vum Mënsch. Mir wëllen net iwwerall kënschtlech Intelligenz, mee do wou se Sënn mécht fir eis Gesellschaft an d’Leit hei am Land.”
D’LSAP hätt eng kloer an laangfristeg Visioun vun der Entwécklung vun der Wirtschaft. Et misst ee se plangen an et géif net méi duer goen, blann allméiglech Entreprisen hei am Land unzesidelen. Et misst ee méi cibléiert virgoen huet de Franz Fayot nach ënnerstrach.