
Ënner anerem dës Froe goufen um Krautmaart abordéiert.
Fir d’DP ass d’Nato ouni Zweiwel de Garant fir Fridden an Europa, seet de Gusty Graas. Grad dës Kris géif weisen, datt mer eng staark Nato bräichten. Mir wären awer och op eng staark Relatioun mat den Amerikaner ugewisen. Wat de Finanzement vun der Nato ugeet, do kéint Lëtzebuerg mat sengen 0,7% vum PIB nach Efforte maachen.
Fir déi Lénk ass d’Nato Deel vum Problem am Ukrain-Konflikt. Eng gemeinsam Sécherheetsarchitektur fir Osteuropa géif feelen, fënnt d’Nathalie Oberweis. Déi europäesch Sécherheetsintresse géife sech net onbedéngt mat den amerikaneschen decken, huet d’Deputéiert ze bedenke ginn.
D’Lydia Mutsch gesäit d’Nato weiderhin als wichtegt Militärbündnis. Awer et misst een och eng europäescht Sécherheetsstruktur opbauen, déi komplementar zur internationale Strukturen a Bündnisser wier. Der Meenung ass och den CSV-Deputéierten Jean-Marie Halsdorf. A sengen Ae géif eng europäesch Arméi eis zu enger neier Fräiheet an eng neier Stabilitéit an Europa verhëllefen.
D’adr fir hiren Deel erkennt hannert dem russesche Militärmanöver un der ukrainescher Grenz kee russeschen Expansionismus. Fir méi Stabilitéit an Europa an der Welt misst een a Russland e Partner fannen. Wirtschaftssanktioune géifen hei net hëllefen, mee wiere souguer kontraproduktiv, seet de Fernand Kartheiser.
Fir d’Pirate muss d’EU mat enger Stëmm schwätzen a sech däitlech fir Sanktioune géint Russland ausschwätzen. Sanktiounen, déi wéi kënnen doen, huet de Sven Clement insistéiert. Länner, déi der Ukrain Material wéilten zoukomme loossen, sollten dat maachen. Géif Lëtzebuerg dee Wee wielen, géifen d’Piraten dat ënnerstëtzen.
Eens ware sech d’Deputéiert, datt eng militäresch Interventioun onbedéngt misst verhënnert ginn. Diplomatie an Deseskalatioun wieren di eenzeg valabel Léisung.
Macron op Visitt a Russland: Weder Degradatioun nach Eskalatioun an Ukrain-Kris