D'Police an d'Douane haten e Mëttwoch eng gemeinsam Kontroll-Aktioun am Hafe vu Mäertert, dat am Kampf géint den internationalen Drogenhandel an déi organiséiert Kriminalitéit. Kontrolléiert goufen ënner anerem e Schëff, Containeren, Wueren, Camionen an d'Persounen um Territoire vum Hafen. Dobäi goufe keng Verstéiss an och keng Onreegelméissegkeete festgestallt. Lëtzebuerg bedeelegt sech zënter 2024 un der European Ports Alliance, enger Initiativ vun der Europäescher Kommissioun, déi d'Sécherheet vu Porten a Logistikplattformen am Kampf géint organiséiert Kriminalitéit stäerke soll.
Logistikplattforme spillen eng wichteg Roll am europäeschen Handel, ma si sinn och beléift Ziler fir kriminell Organisatiounen, déi iwwer dëse Wee probéieren, hir Drogen an aner illegal Wueren international ze beweegen. Well déi Kriminell hir Approchen ëmmer nees änneren, ass et och fir d'Douane wichteg, reegelméisseg Kontrollen ze maachen an esou um Ball ze bleiwen. Och ass et wichteg, datt déi jeeweileg Agencen enk zesummeschaffen an Informatiounen ënnerteneen austauschen.