HëtztwellenStad Lëtzebuerg wëll an de Schoulen norëschten

Raphaëlle Dickes
300 Ventilatore si wärend der Hëtztwell net duergaangen. Dofir sollen déi betraffe Stater Schoule fir nächste Summer besser géint Hëtzt ekipéiert ginn.

Zwee Ventilatoren hat d’Vanessa Tosseng fir hire Klassesall zu Bouneweg an der Rue du Verger bestallt. D’Léierin a Schoulpresidentin huet d’Consignë vum Lëfte respektéiert. Hir Schüler mat vill Waasser versuergt an de Kanner souguer Bitercher mat kalem Waasser ginn, fir d’Féiss dran ze zappen. Nawell waren et 35 Grad am Sall. “Un ee reguläert Schaffen ass net ze denken. Si si midd, net konzentréiert. Et ass hinne – wéi eis och – einfach ze waarm.”

Wärend der Canicule huet d’Gemeng Lëtzebuerg de Schoule Budget zur Verfügung gestallt, fir Ekipement fir Waasserspiller ze kafen oder Ausflich mat de Kanner ze maachen op méi kill Plazen. An de Bësch oder de Musée beispillsweis. An de Bouneweger Schoul hu vill Klassen dovunner profitéiert.

Hëtztwellen: Stad Lëtzebuerg wëll an de Schoulen norëschten
300 Ventilatore si wärend der Hëtztwell net duergaangen. Dofir sollen déi betraffe Stater Schoule fir nächste Summer besser géint Hëtzt ekipéiert ginn.

Stater Schäfferot war géint Klima-Anlagen

Klima-Anlagen norëschten allerdéngs war bis dohinner fir de Schäfferot keng Optioun. Engersäits wéinst der technescher Installatioun, déi och mol kéint méi komplizéiert sinn, erkläert de Stater Schoulschäffen Paul Galles. Anerersäits wéinst dem Stroum. “Do gëtt vill Stroum gezu vu Klima-Anlagen - a grad an enger Zäit wou Stroum awer nach net esou immens vill gréng war hei zu Lëtzebuerg, hu mer geduecht, dat ass awer elo fir d'Nohaltegkeet net immens interessant."

Dofir huet d’Gemeng no der leschter Canicule zejoert léiwer an 300 Ventilatoren investéiert, déi d’Schoule konnte bestellen. Zanter laangem gëtt scho gewarnt, datt mat ëmmer méi laangen a méi waarmen Hëtztwellen ze rechnen ass. Datt en Duerchlëften net duergoe géif, hätt ee sech dat net kënnen denken? “Mir wousste just net wéi staark a wéi séier se géife kommen”, äntwert de Paul Galles. “Dat heescht esou Gebaier mat schéinen décke Mauere sinn iwwer Joerzéngten duergaangen an do hu mer d’lescht Joer gemierkt mat Temperaturen ëm 32-32 Grad, dass dat eben net méi duergeet. Do hu mer da Ventilatoren zur Verfügung gestallt.”¨

Sonneschutz a Kälte-Inselen

No der leschter Canicule gouf sech elo awer op zousätzlech Mesurë gëeenegt. Fir nächste Summer sollen all d'Schoulen, Foyeren a Crèche vun der Stad Lëtzebuerg een äussere Sonneschutz hunn, sief et duerch Storen oder och Beem. Ausserdeem solle sougenannt Kälte-Inselen an de Schoulen installéiert ginn, seet de Stater Schoulschäffen.

“Dat heescht op d'mannst ee Sall, dee klimatiséiert ass, wou ee sech kann zréckzéien. An an deene Gebaier, wou et wierklech schlëmm ass, besonnesch a Containergebaier - also an de provisoreschen - méi Kälte-Inselen oder souguer souwäit goen a bal all Sall auszestatten.”

An de Schoule géife sech d'Bibliothéike gutt als Kälte-Insel eegnen. An de Foyeren éischter de Restaurant, esou de Paul Galles. Bei Noutfäll, wou et engem schlecht gëtt, kéint een de Schüler oder den Enseignant dohinner bréngen, awer och e Roulement vun de Klasse virgesinn, déi sech bei Hëtzt kéinten op der Kälte-Insel erfrëschen.

Kritik gouf et och wéinst Schoulhäff mat ze vill Bëton ze wéineg Schiet. An engem pluriannuelle Plang gesäit d'Gemeng vir, dës op Dauer ze entsigelen a méi ze begréngen. Déi Schoulhäff mat de schlëmmste Konditioune solle prioritär iwwerschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO