2. Joyeuse Entrée nom TrounwiesselDéi groussherzoglech Koppel huet Ëlwen begeeschtert

Marc Hoscheid
No Esch ass et fir de Grand-Duc Guillaume dës Kéier an den héije Lëtzebuerger Norde gaangen. A mat deem huet d'Famill vun der Grande-Duchesse Stéphanie eng besonnesch enk Relatioun.
Joyeuse Entrée: Déi groussherzoglech Koppel huet Ëlwen begeeschtert
Et hate vill Veräiner aus dem Norden zesummegeschafft, fir den héije Besuch am Éislek. Besonnesch d'Kanner hu sech op hir Optrëtter gefreet.

E Freideg huet déi groussherzoglech Koppel hir zweet vun am ganze fënnef Joyeuses Entrées nom Trounwiessel absolvéiert. No Esch Enn Abrëll goung et dës Kéier an den héijen Norden, méi genee op Ëlwen. An do huet den héije Besuch nawell fir richteg gutt Stëmmung gesuergt.

9,5 Sekonne Musek

Natierlech huet de Wilhelmus net dierfe feelen, wéi déi groussherzoglech Koppel um 16 Auer zu Ëlwen ukomm ass. No enger kuerzer Begréissung duerch de Buergermeeschter Edy Mertens goung et an d'Gemeng, fir sech an dat gëllent Buch anzedroen. Ee witzege Moment gouf et, wéi de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie nees erauskomm sinn an eent vun de Schoulkanner, déi do gewaart hunn, fir hinnen ee Lidd ze sangen, "Hey Guillaume" geruff huet. Do gouf et scho mol direkt een High-Five vum Staatschef. Dono goung et am Cortège bei déi Ëlwenter Franziskanerkierch, mat där d'Famill vun der Grande-Duchesse nawell iwwerraschend enk verbonnen ass, wéi de Paschtouer Michel Meyer erkläert.

"D'Grofe vu Clierf hunn déi Franziskaner geruff, an do war och eng Zäit Grablege vun den Herrscher vu Clierf an der Kierch hei an do waren och Membere aus der Famill de Lannoy dobäi. Just virun der franséischer Revolutioun war d'Loretto-Kapell fäerdeg, do goufe se zwar dohin ëmgebett, mee an eiser Kierch si Virfare vun der Grande-Duchesse."

An d'Kierch era war déi groussherzoglech Koppel awer net kucken. Si wollte keng Monumenter besichtegen, mee sou vill wéi méiglech Kontakt mat de Leit hunn. Déi Gemengeresponsabel hu vu méi wéi 1.000 Interesséierte geschwat, déi de Wee op Ëlwen fonnt haten. An déi hu sech esouwuel vun der Stëmmung generell wéi och vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie begeeschtert gewisen.

"Sie sind sehr nett, es ist sehr schön und es ist eine gute Stimmung hier. Sehr schön in Ëlwen."
"Déi ganz Gemeng ass mobil gemaach ginn. Et si ganz vill Saachen, déi de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse kënnen entdecken a wat se hei kënne gesinn."
"Die schöne Stimmung, die Leute sind schön angezogen, es ist schön, alles ist sauber."
"Et sinn enorm vill Leit hei an ech mengen dat weist einfach déi grouss Popularitéit vum neie Grand-Duc, datt déi ganz Gemeng Ëlwen hien hei wëllkomm heescht."

Nieft Virféierungen um Kiosk op der Place Nicolas Adames gouf et am Centre culturel e bëssen Nohëllef a Saache lokaler Geschicht vun de Primärschoulkanner.

"D'Burrigplatz gouf ganz laang als héchste Plaz vum Lëtzebuerger Land ugesinn. Mëttlerweil wësse mer awer, datt et d'Kneiff bei Wilwerdang ass. Trotzdeem ass déi Plaz mat hirem Tuerm nach ëmmer d'Markenzeeche vun Huldang."

Nodeems sech déi groussherzoglech Koppel baussen nach eng Kéier ënnert d'Leit gemëscht hat, gouf et zum Schluss nach zwee Kaddoen. Eng Zort klengt Bicherregal aus Holz an ee Bild, wat eng typesch Éisleker Landschaft weist. Domadder sollt dem Edy Mertens no séchergestallt ginn, datt si hire Besuch am héijen Norden ni vergiessen. An dat dierft op d'mannst sou séier och net de Fall sinn.

D'Visitt war iwwregens wéinst de méi héijen Temperature mat zwou Stonnen e bëssi méi kuerz ausgefall wéi am Fong geplangt. Ma bei ronn 30 Grad war et zu Ëlwen e Freideg awer ganz gutt ze packen.

Back to Top
CIM LOGO