
De Premierminister Luc Frieden wëll sech aktuell net zum Fall an der Direction de l’immigration äusseren. De Parquet enquêtéiert jo zanter dem Summer 2023, ënner anerem wéinst dem Verdacht op Korruptioun, Fälschung a Subventiounsbedruch. Dat nodeems et am Januar 2023 zu enger Denonciatioun aus der Directioun vun der Immigratioun komm war. Weder e Minister nach e Premierminister soll lafend Ermëttlunge kommentéieren, seet de Luc Frieden.
"Ech stelle mat Satisfaktioun fest, dass de Rechtsstaat funktionéiert. Wann et Saache ginn, déi eventuell Infraktioune sinn, da muss d’Justiz hir Aarbecht maachen. An dat gëtt hei gemaach. Ech hoffen, dass do déi Enquête Äntwerten op all déi Froe bréngt, déi fir de Moment am Raum stinn. Nieft dem Rappell vun natierlech der Présomption d’innocence fir all déi, déi et concernéiert."
Den zoustännege Minister, den Inneminister Léon Gloden, ass net weider beonrouegt, dass hien net mat Untrëtt vu sengem Ministerposte vum Direkter vun der Immigratioun iwwert de Fall informéiert gouf.
"Ech sinn 2025 vun där Envergure vun där Perquisitioun opgrond vun engem anonymme Bréif, deen eis zäitgläich zougeschéckt gouf, a Kenntnis gesat ginn. Vun deem Ament un hu mer jo och direkt reagéiert. Ech hunn a ce stade kee Grond, iergendeppes an d’Welt ze setzen."
Och hie wollt lafend Ermëttlunge vum Parquet net weider kommentéieren an huet drop verwisen, en Audit lancéiert ze hunn. Op der Basis vun dësem géing gekuckt ginn, wat misst reforméiert ginn. Iwwert d’Héicht vum Schued, deen duerch de Sozialbedruch entstanen ass, huet de Léon Gloden da keng Informatiounen an och net, ob dat net rechtméissegt Ausbezuele vun deene Leeschtungen un d’Leit antëscht gestoppt goufen.
Net den Dateschutz wier de Problem mee de secret d'instruction. Dat seet d' Presidentin vun der nationaler Dateschutzkommissioun CNPD, Tine Larson am Kontext vum aktuellen Immigratiounsskandal. De Parquet an och d'Police judiciaire hate kritiséiert, datt den Dateschutz d'Justizautoritéiten drun hënnere géif, fir effikass ze schaffen. D'Tine Larson gesäit de Problem enzwousch anescht:
"Den Dateschutz ass net do fir den Transfert ze verhënneren. Et gi Mechanismen, eng Base légale, wou een et ka méiglech maachen. Mir si bis elo net an där Affär saiséiert ginn a konnten eis dofir nach kee Bild maachen. Mir wëssen awer datt de Parquet am Kader vun anerenGesetzprojeten déi ënnerwee ware fir Base légalen ze schafen, monéiert huet datt déi net wäit genuch géife goen."