D'Policereform sollt eng Joerhonnertreform ginn, ma wat eraus koum, ass net ganz déck, fënnt den CSV-Deputéierte Léon Gloden. Hie war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun.
Ee vun de grousse Problemer gesäit den CSV-Member an der zoustänneger Chamberkommissioun doran, datt d'Proximitéitsaarbecht ze kuerz kéim. Et wieren zwar Missioune fir déi administrativ Police opgezielt an dat wier positiv, mä bei der praktescher Ëmsetzung herno géingen d'Pouvoire souguer éischter erofgesat ewéi eropgesat ginn, fënnt de Léon Gloden.
Och vum Terrain hätt een de Feedback kritt, datt d'Missioune vun der administrativer Police mat dëser Reform net wäit genuch géinge goen.
D'CSV bedauert och op en Neits, datt de Platzverweis net berücksichtegt gouf. Am allgemenge wiere jo d'Amendementer, déi d'CSV proposéiert huet, refuséiert ginn, sou de Léon Gloden. Dem Minister Etienne Schneider géing et einfach drëm goen, fir hei nach eppes virum Oktober duerch ze baatschen.
De Léon Gloden ass der Meenung, datt den Text net méi wäert ofgeännert ginn, d'CSV-Fraktioun wäert dësen dofir wahrscheinlech NET matdroen.
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war de Buergermeeschter vu Gréiwemaacher Léon Gloden.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren