Dan BiancalanaD'LSAP esou stäerken, datt kee Wee laanscht d'Sozialiste geet

Frank Goetz
Dat Zil setzt d'Partei sech fir d'Chamberwalen den 8. Oktober, wéi de CO-President Dan Biancalana am Interview op Tëlee Lëtzebuerg sot.
Dan Biancalana: D'LSAP esou stäerken, datt kee Wee laanscht d'Sozialiste geet
Dat Zil setzt d’Partei sech fir d’Chamberwalen den 8. Oktober, wéi de CO-President Dan Biancalana am Interview op Tëlee Lëtzebuerg sot.

D’LSAP huet jo an Tëschenzäit hir Lëschten an deene 4 Bezierker verëffentlecht. 2018 hat d’Partei landeswäit 3 Sëtz verluer an op d’mannst déi wëll se dës Kéier erëmkréien, esou den Dan Biancalana.

“Matt der Dynamik, déi mer den Ament an der Partei hunn, wëlle mer dat Zil och zesummen als Ekipp areechen. Dorunner schaffe mer an deenen nächste Wochen a Méint. Mir hu jo den 9. Juli e Landeskongress, wou mer och de Walprogramm presentéieren a wou mer eis designéiert Spëtzekandidatin offiziell zur Spëtzekandidatin maachen.”

Sollt déi Blo-Rout-Gréng Koalitioun och no de Walen eng Majoritéit behalen, géif d’LSAP gär mat den aktuelle Partner viru fueren, heescht et vum CO-Parteipresident. Fir d’Sozialiste gëtt et allerdéngs och rout Linnen:

“Mir als LSAP sti ganz kloer zu engem staarke Sozialstaat, dat hu mer méi wéi eng Kéier gesot. Mir si géint den Ofbau vu soziale Leeschtungen, mir si fir e solidaresche System a wat fir eis net a Fro kënnt ass eng Zwouklassemedezin, wou deen, deen en décke Portmonni huet méi séier a besser ka behandelt ginn, wéi een, deen net an der selwechter Situatioun ass. Dat si fir eis ganz kloer rout Linnen.”

Back to Top
CIM LOGO