
Wansinneg Zomme géingen an d‘Rëschtungsindustrie gestach ginn, ma de prophezeite Boom fir d‘Wirtschaft wäert ausbleiwen, seet de Raymond Becker vun der Friddensplattform.
Net just Wirtschaftswëssenschaftler, ma och d‘europäesch Zentralbank géing an enger rezenter Prise de position virun dësem Iertum warnen.
“Do koum eraus, datt de Wirtschaftswuesstem eigentlech geréng ass an d’Inflatiounsgefor ass héich”.
D‘Produktioun vu Krichsmaterial wier net just eng ekonomesch, ma och eng ökologesch Katastroph an dës Sue géingen zum Beispill am soziale Beräich feelen. De Raymond Becker verlaangt eng seriö, realistesch a reflektéiert Debatt.
“An där aktueller Hysterie, wou mat Milliarde ronderëm sech geschmass gëtt an eigentlech kee richtegt Zil derbäi ze gesinn ass, muss ee sech wierklech, wierklech Froe stellen”.
Och hei am Land wäerten an den nächste Jore Milliarden an d‘Defense fléissen a kee Mënsch wéisst, wou dat Geld soll hir kommen, sou d‘Plattform. Hie wier sech och net sécher, ob den Dual Use mat eemol militärescher an eemol ziviller Notzung wierklech eng Prioritéit wier.
“Den Dual Use ass en extreem Knätschgummis-Begrëff, wou ech näischt dervun halen”.
An der aktueller geopolitescher Situatioun géing déi gemeinsam Approche vun den EU- an NATO-Länner feelen.
“Wann d’ EU sech innerhalb vum militäresche Beräich géif ënnereneen méi koordinéieren, wär extreem vill ze spueren. Mä all Mënsch spillt nach do den nationale Cocorico”.
Doduerch gëtt et keng Konkurrenz an der Rëschtungsindustrie an d‘Käschte géingen explodéieren.
“All d’Zuele soen, an dobäi bleiwen ech, dass d’NATO net am Kalzong militäresch do steet, wann et muer géif zu eppes kommen, dat ass net richteg”.
Richteg wier awer, datt nieft der Selbstverdeedegung am Moment och versicht gëtt, mat diplomatesche Mëttelen den Ukrain-Konflikt ze léisen, sou nach de Raymond Becker.