Bongerten op der Musel"D'Miselerland brennt": Vun Drëppen, iwwer Whisky, Gin bis Rum

Jeannot Ries
D'Musel, do denken déi Meescht un d'Wéngerten an u Lëtzebuerger Wäin.
"D'Miselerland brennt":
Vun Drëppen, iwwer Whisky, Gin bis Rum

Am Miseler Hannerland ginn et awer och eng sëllege Bongerten. Uebst, mat deem zanter Joerzéngten Drëppe gebrannt ginn. Méi nei ass d’Produktioun vu Whisky, Gin a souguer Rum. Déi 10. Editioun vun “D’Miselerland brennt” war eng ideal Geleeënheet, sech d’Aarbecht an de Brennereien unzekucken an déi verschidde Produkter kennen ze léieren.

Zu Nidderdonwen ass et keen Zoufall, datt et e Wäibrand gëtt, deen 1862 heescht. Um Diedennacker Haff gëtt an der 6. Generatioun gebrannt. Mat virop lokalem Uebst. Hannert dem Haff leie 7 Hektar Bongerten.

Vun der Äppel-Drëpp, iwwer d’Vieille Prune bis eng méi originell Spargel-Drëpp. Wichteg wier haut, datt d’Drëpp nom Uebst schmaacht, net ze staark ass an op kee Fall kraazt. Sou de Camille Duhr, deen de Beruff vu sengem Papp geléiert huet.

Fréier huet just dierfe vun September bis Abrëll gebrannt ginn. Elo ass de Kessel d’ganz Joer iwwer am Asaz. 2005 gouf fir d’éischt och Whisky produzéiert. Mat Lëtzebuerger Roggen, dee mat enger Hief ugesat, no 4 Deeg gebrannt gouf.

''E muss e Joer am Holz gelagert sinn, fir datt et Whisky ass. De Charakter, de Goût, dee mécht d’Holz aus. An och dat, wat virdrun am Faass war. Hei hunn ech zum Beispill e Faass do war virdrunner Pinot Blanc dran. E wäisse Wäin. Dat gëtt him duerno och e ganz apaarte Goût.’' sou de Camille Duhr.

Um Sonndeg de Mëtteg gouf Gin gebrannt. D’Rezept fir e Gedrénks, wat an der Moud ass. An u sech eréischt zanter 2017 um Diedennacker Haff gemaach gëtt.

De Brenn-Meeschter erkläert:

''Mir brauche just nach eng Kéier ze brennen. De ganze Prozess geschitt just an enger Kéier. Mir brauche just nach eng Kéier opzeheizen. Et gëtt dann dräifach distilléiert. Et kënnt als 78 - 80-prozentegt Produkt eraus.’'

Uewenaus op der Genn leien éischt Fässer mat Rum: Made in Luxembourg. Hei ass nach e puer Joer Gedold gefrot, iert déi éischt Produktioun verkaf ka ginn. Aus Zockerrouer vu Santo Domingo, geräift a Fässer vu Barbados. Wie brennt, brauch Gedold.

Back to Top
CIM LOGO