Emile LutgenD'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte huet en neien Direkter

RTL Lëtzebuerg
Mam Emile Lutgen iwwerhëlt e Mann d'Leedung vun der Oeuvre, deen ewell zanter laange Joren am associativen Milieu engagéiert ass.
© Mike Zenari / Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte

Notamment zanter 25 Joer als President vun der asbl "Klenge Maarnicher Festival". Den Emile Lutgen ass forméierte Jurist a war bis dato am Finanzsecteur aktiv.

De Poste vum Direkter vun der Oeuvre ass zanter bal engem Joer vakant. Deemools hat de Gilles Rod dee Posten opginn, wëll et, eisen Informatiounen no, Divergenzen an der Ausriichtung vun der Oeuvre mam Verwaltungsrot ginn hat.

De fréiere Stater Conseiller vun déi Gréng war nëmmen ee Joer um Direkteschposten bei der Oeuvre a schafft zanter Enn zejoert am Familljeministère. Wéi gesot ass elo den Emile Lutgen den neien Direkter vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, déi ënner anerem duerch den Erléis vun der Nationallotterie gespeist gëtt.

Iwwregens ass och de Poste vum Direkter vun der "Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse" nach ëmmer vakant: De Mike van Kauvenbergh hat RTL-Sourcen no, nämlech no nëmmen engem Joer vun dësem Posten demissionéiert.

PDF: Schreiwes vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte

Back to Top
CIM LOGO