
Zwou Citations directes sollte verhandelt ginn. Um Enn blouf et bei enger, bei där zwee Dokteren e Corona-Skeptiker ugesicht hunn. Wéi wäit kann an däerf d’Meenungsfräiheet goen? Dat war déi zentral Fro e Méindeg de Moien am Prozess, bei deem sech d’Intervenanten net eens sinn. An och net eens konnte ginn. Béid Säite sinn iwwerzeegt, am Recht ze sinn.
Den 26. Oktober 2021 hat de Psychiater Dr. Jean-Marc Cloos an de soziale Medien en Meenungsbäitrag zu der Covid-Impfung vun enger Beruffskolleegin gedeelt. De Peter Freitag, dee sech antëscht an der Welt vun de Corona-Skeptiker en Numm gemaach huet, hat dëse Post kommentéiert. Dat mat Wieder wéi “genozidären Narrativ”, “Corona-Nazien” an, datt d’Dokteren “Disciple vum Dokter Mengele” wieren. Dësen Dokter Josef Mengele huet wärend der Nazi-Zäit Experimenter u jiddesche Kanner zu Auschwitz duerchgefouert.
Dem Peter Freitag gëtt dowéinst Calomnie an Diffamatioun virgehäit. Hien ass awer iwwerzeegt, just Vergläicher gezunn ze hunn, ouni ee speziell viséiert ze hunn. Iwwerhaapt huet hie seng Zäit viru Geriicht virun allem genotzt, fir op déi, senger Meenung no, Net-Effikassitéit vum Covid-Vaccin hinzeweisen.
De Maître François Prum, Affekot vum Dr. Jean-Marc Cloos, seet, jidderee kéint an deene Froe jo seng Meenung hunn, mee d’Meenungsfräiheet géing an dësem Fall ze wäit goen. Duerch esou Attacke géing d’Reputatioun vun den Doktere geschiedegt ginn. Dofir fuerdert hien eng Geldstrof géint den Ugeklote vu jee 2.500 Euro fir den Dr. Jean-Marc Cloos, wéi och fir seng Kolleegin, déi mat d’Plainte gemaach huet. Doriwwer eraus soll de Peter Freitag Prozesskäschten an Héicht vun 2.000 Euro iwwerhuelen. De Parquet fuerdert eng ugepasste Geldstrof als Sanktioun.
Eng Decisioun wäert d’Geriicht de 17. November matdeelen.
An der selwechter Sitzung sollt dann nach eng aner Affär verhandelt ginn. Géint de Virolog Dr. Claude Muller haten zwou Persoune Plainte gemaach wéinst Opruff zum Haass. Béid Persounen hu sech um ëmstriddenen Internetsite “Expressis Verbis”, op deem dacks kontrovers Theorië bis hin zu Onwourechten iwwert d’Covid-Pandemie publizéiert ginn. Et goung ëm Aussoen, déi den Dokter an Zeitungsartikelen an a Radiosinterviewe gemaach huet. Wéi eng genee dat sinn, déi d’Partie plaignante gestéiert hunn, wäert een awer net méi gewuer ginn. D’Plainte gouf nämlech zwee Deeg virum Prozessdag zréckgezunn. D’Defense vum Dr. Claude Muller betount, et géing ee sech iwwerleeën, ob een hei net eng Plainte, ënner anerem wéinst Ruffschiedegung, mécht.