Op der Stater GareSechs Verdächteger ermëttelt bei Douane- a Policekontroll

RTL Lëtzebuerg
Um fréie Samschdegmoie ware Police an Douane op der Stater Gare aktiv. Sechs verdächteg Persoune konnten ugetraff ginn.
Zesumme mat der Douane a mat den CFL ass kontrolléiert ginn
Zesumme mat der Douane a mat den CFL ass kontrolléiert ginn
© police.lu

Zesumme mat der Douane a mat den zoustännegen Organer vun den CFL huet d’Police leschte Samschdeg tëscht 04:30 Auer a 09:30 Auer op der Stater Gare Kontrollen duerchgefouert. Ausserdeem ass och an den Zich kontrolléiert ginn, déi ukomm oder fortgefuer sinn. Mat dobäi waren och zwee Sichhënn vun der Douane a vun der Police.

Ënnert de Leit, déi kontrolléiert gi sinn, ware sechs Persounen, déi der Police scho signaliséiert waren. Eng hat sech onerlaabt op lëtzebuergeschem Staatsgebitt opgehalen. Donieft ass nach eng Persoun wéinst Verdacht op Handel mat geklauten Objete protokolléiert ginn.

© police.lu

Back to Top
CIM LOGO