JonglënsterDP decidéiert den Owend

RTL Lëtzebuerg
Zu Jonglënster ass d'DP als Gewënner aus de Walen ervirgaangen.

Wärend déi Liberal 1 Sëtz gewonnen hunn an elo op 5 kommen, huet d’CSV ee verluer a kënnt nach op 4. Déi Gréng si bei 2 Sëtz bliwwen an d’Biergerlëscht “Är Bierger” krut och op 2 Mandater.

Dem DP-Schäffen a Spëtzekandidat Ben Ries no kommen déi Liberal en Dënschdegowend um 21 Auer zesummen, fir ze decidéieren, mat wiem ee Gespréicher iwwert eng méiglech Koalitioun zu Jonglënster ufänkt.

Back to Top
CIM LOGO