
Ugefaangen e Mëttwochnomëtteg, wéi d’Police en Abroch an enger Déifgarage zu Éinen gemellt krut. D’Täter koumen duerch eng net zougespaarten Dier eran an hu versicht, Stécker vun e puer Scooteren ze klauen. Dëst wier hinnen awer net gelongen.
Da gouf et en Abroch zu Éilereng, bei deem sech onbekannt Täter Zougang an engem Lokal verschaaft hunn, andeems eng Dier erausgehiewelt gouf. Hei gouf awer näischt geklaut.
Dee selwechten Nomëtteg gouf d’Police nach alarméiert, well d’Kellere vun engem Appartement um Verluerekascht duerchsicht goufen. Hei haten d’Brigange véier Kellerdieren opgebrach a konnte sech mat zwee Vëloen nees ewechmaachen.
Zu Useldeng gouf am Laf vum Mëttwochnomëtteg an en Eefamilljenhaus agebrach. Hei war den Onbekannten duerch eng hënnescht Dier erakomm an huet dunn d’Haus duerchwullt.
Owes dann ee weideren Abroch a Kellerraim vun engem Appartement. Dës Kéier zu Hollerech, wou e puer Fläsche Wäin agestach goufen. D’Täter waren op onbekannt Manéier an d’Gebai erakomm an haten dunn eng Kellerdier opgebrach.
Zu Beetebuerg huet sech am Laf vum Dag eng onbekannt Persoun en Zougang zu enger Wunneng verschaaft, andeems eng Buedzëmmerfënster opgehiewelt gouf. Och hei gouf alles duerchwullt an um Enn e puer Poschen a Bijoue geklaut.
A sämtleche Fäll gouf protokolléiert an Ermëttlungen an d’Weeër geleet.