Heemlech Pornoe gekuckt?D'Police warnt virun neien Erpresser- E-Mailen

RTL Lëtzebuerg
Mam Message "Hohe Gefahr. Konto wurde angegriffen" gëtt een opgefuerdert Suen op eng Bitcoin-Adress z'iwwerweisen.

D'Police warnt op Twitter virun engem neien Erpresser-Mail, deen de Moment am Ëmlaf ass. Vun den Onbekannte gëtt een drop higewisen, dass een zanter Méint beobacht gouf, nodeems een op Sitte fir Erwuessener war an de Computer dobäi en Trojaner-Virus erwëscht huet. Dat hätt et erméiglecht prekär a ganz perséinlech Video-Opnamen ze maachen. Donieft hätten déi Onbekannt en Zougrëff op sämtlech Donnéeën, Informatiounen, E-Mailen a Kontakter op den sozialen Netzwierker. Am Bréif gëtt een dann nach opgefuerdert de Betrag vun 368 Euro bannent den nächsten 48 Stonnen un eng Bitcoin-Adress z'iwwerweisen.

D'Police recommandéiert op Twitter, sou eng E-Mail direkt als Spam ze markéieren an ze läschen. Et sollt een duerno och nach säi Passwuert änneren.

Back to Top
CIM LOGO