Proffegewerkschaft fuerdertEuropaschoule misste kritesch an onofhängeg op de Leescht geholl ginn

Claude Zeimetz
D'Proffegewerkschaft vun der CGFP, déi zu der Staatsbeamtekammer gehéiert, huet e Mëttwoch en negativen Avis zum geplangten Ausbau vun enger siwenter ëffentlecher Europaschoul zu Schëffleng publizéiert.
© RTL-Archiv

D’Proffegewerkschaft vun der CGFP, déi zu der Staatsbeamtekammer gehéiert, huet e Mëttwoch en negativen Avis zum geplangten Ausbau vun enger siwenter ëffentlecher Europaschoul zu Schëffleng publizéiert.

De Modell vun den ëffentlechen Europaschoule muss endlech kritesch an onofhängeg op de Leescht geholl ginn, dat fuerdert d’Féduse. Si reprochéieren dem Educatiounsministère “blannemännerches” eng “Parallelwelt zum traditionelle Schoulsystem virunzedreiwen”. An dat, obwuel d’Kompetenze vun de Schüler a Schülerinnen aus den ëffentlechen Europaschoule quasi an alle Fächer ënnert deene vun de Jonken aus der ëffentlecher Schoul léichen.

Den Niveau an den ëffentlechen Europaschoule kann net mam traditionelle Secondaire mathalen

D’Kritik vum Terrain um Claude Meisch senger Politik ass net nei. Konkret misst engem awer den Decalage tëscht extrem héije Reussite-Tauxen an objektiv schwaache schoulesche Leeschtungen ze denke ginn, esou Staatsbeamtekammer an hirem neien Avis. Am europäesche System géife quasi 100 Prozent duerchkommen. Duerch dës quasi automatesch Promotioun géife grouss Wëssenslacunne verstoppt, heescht et am Text.

D’Promotiounskrittären am ëffentleche Lycée wiere vill méi strikt. Dat wier keen Echec vum klassesche Schoulsystem mä géif vill méi de méi héijen akademeschen Usproch erëmspigelen. An den Ae vun der Staatsbeamtekammer an der Féduse misst ee sech dowéinst eng fundamental Fro stellen: Ass et opportun e System auszebauen, dee strukturell Schwächten opweist, ouni virdrun d’Evaluatiounsmechanismen an d’Exigenzen z’iwwerpréiwen? Hir Äntwert ass kloer “Neen”.

Grouss Demande fir d’Europaschoulen

D’Demande, fir eng Plaz an enger ëffentlecher Europaschoul ze kréien, ass immens héich. Dem Educatiounsministère no konnten dëst Schouljoer vun 1.200 Demanden nëmmen 300 nei Schüler a Schülerinnen opgeholl ginn. Grad am Süden am Kanton Esch kéint de Besoin haut net gedeckt ginn.

Alles an allem ginn den Ament eng 5.771 Jonker an eng vun de sech ëffentlechen Europaschoulen. Déi nei International School um Territoire vun der Gemeng Schëffleng soll dat iwwernächst Joer opgoen. Et sinn 42 Secondairesklassen fir 980 Schüler virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO