
E Mëttwoch de Moie gouf beispillsweis zu Ettelbréck op der Gare e Mann gemellt, dee randaléiert a Passante beleidegt huet. Wéi Polizisten op d’Plaz ukoumen, huet hie sech hinne géigeniwwer onkooperativ a beleidegend verhalen, ausserdeem huet e Mordmenacen ausgeschwat. Bei enger Kierperkontroll goufe geklaut Géigestänn bei him séchergestallt, dorënner och en Tablet. Hie war staark alkoholiséiert a koum no enger medezinescher Kontroll an eng Ausniichterungszell. Spéider koum de Mann an de Centre de rétention.
E weidere Virfall gouf et e Mëttwoch den Owend zu Diddeleng an engem Park an der Géigend vun der Rue du Centenaire. Zwee Täter si mat engem Auto bei e Mann gefuer an hunn dësen opgefuerdert an d’Gefier ze klammen, fir sech mat him z’ënnerhalen. Wéi de Mann refuséiert huet, koum et zu enger kierperlecher Ausenanersetzung tëschent de Bedeelegten, bei där hie blesséiert gouf. D’Täter si geflücht, wéi en Zeien agräife wollt, koume kuerz duerno awer nees zeréck. D’Affer ass doropshi geflücht a konnt spéider vun der Police ugetraff ginn, ier en an e Spidol koum. D’Affer an ee vun den Täter hu sech Policeinformatiounen no kannt. Ee vun den Täter konnt iwwerdeems och am Laf vun der Enquête gestallt ginn.