Affär vun illegaler Immigratioun a KorruptiounZuel vun den Inculpéierte klëmmt

Michèle Sinner
De Parquet enquêtéiert wéinst dem Verdacht op eng ganz Rei Infraktiounen, dorënner Korruptioun a d'Schleise vu Mënschen.
© RTL

An der Affär ëm illegal Immigratioun geet d'Zuel vun den Inculpéierten an d'Luucht. E Mëttwoch goufen dräi weider Persoune virun den Untersuchungsriichter gefouert. Zwou dovu koumen an Untersuchungshaft, eng gouf ënner Contrôle judiciare gesat, ass also mat Restriktiounen op fräiem Fouss.

Dës Informatioune vun Tageblatt an 100,7 huet d'Justiz RTL confirméiert. Alles an allem sinn deemno elo 28 Leit inculpéiert, dovu waren der dräi am Staatsdéngscht.

Den Inneminister Léon Gloden hat RTL gesot, datt hie fënnef Mataarbechter aus dem Departement "Ressortissants pays tiers" vun der Direction de l’Immigration wéinst der Affär fräigestallt huet.

De Parquet enquêtéiert wéinst dem Verdacht op eng ganz Rei Infraktiounen, dorënner Korruptioun an d'Schleise vu Mënschen.

Back to Top
CIM LOGO