Kris um BauD'Regierung soll séier d'Hiewelen a Beweegung setzen, sou d'Chambre des Métiers

Jean-Marc Sturm
D'Anti-Kris-Mesurë fir de Bau ginn net duer a sinn net präzis genuch, et misst dréngend en neie Mesure-Pak kommen.
D'Regierung soll séier d'Hiewelen a Beweegung setzen, sou d'Chambre des Métiers.
D’Anti-Kris-Mesurë fir de Bau ginn net duer a sinn net präzis genuch, et misst dréngend en neie Mesure-Pak kommen.

Et ass een um Zännfleesch ukomm an nom Kollektivcongé wäert et klaken: dat ass de scho bal dramateschen Appell vun der Chambre des Métiers an der Handwierkerfederatioun. De ganze Secteur vum Bau ass am gaangen déif an d’Kris ze rutschen.

De Bausecteur, dat si 4.000 Entreprisen a 60.000 Salariéen. Déi Chiffere riskéiere ferm ze schmëlzen. Dausenden Aarbechtsplaze stinn um Spill.

Kris um Bau / Reportage Jean-Marc Sturm

Eng Krise wéi déi heiten huet de Bau zënter Enn den 80er Joren net méi kannt. Am éischten Trimester ass d’Vente vun den neien Appartementer am Joresverglach ëm 72 Prozent an d’Gette gaangen. Den autoriséierte Bauvolume ëm 33 Prozent.

Bei de de Bankkrediter war et ee Minus vu 44 Prozent am Volume. Et geet ëm 1.500 Logementer, déi manner gebaut ginn, an dat bedeit den Ofbau vun Aarbechtsplazen. Den Ament geet ee vun ëm déi 4.600 Aarbechtsplazen aus, déi riskéieren ewech ze falen, virop am Interim. Wann déi Leit bis fort sinn, gëtt et schwéier, si ze ersetzen, wann de Buttek nees leeft.

Et ass ee, fir de Fall dass et kraache sollt, mat de Gewerkschaften am Kontakt fir ee sektorielle Plan de Maintien dans l’Emploi, well et wëll een d’Leit an der Aarbecht halen.

Un d’Regierung ass et den Appell, méi aktiv ze ginn, zum Beispill fir dass een neit Loyersgesetz den Invest an de Bau weider attraktiv hält, oder um Niveau vun der TVA an den Enregistrementsfraisen. Wichteg wier awer och dass Staat, Parastaat a Gemengen elo nach méi a méi séier wéi ugekënnegt an de Logement investéieren esou de Paul Nathan, Vizepresident vun der Handwierkskummer:

“Eng Kéier kéinten d‘Entreprisen hir Aarbechter weider beschäftegen. Zweetens kënnt et dem Staat an de Gemengen zegutt, well méi bëlleg wéi elo kéinte se net méi bauen. Drëttens sti mir virun engem aneren Hannergrond, dat ass dee vun der transition énergétique. Dofir plädéiere mir, dass d‘Investissementer elo séier kommen.”

De Message un d’Regierung ass virun de Wale kloer: Dat Schlëmmst wat se kënne maachen ass bis d’Walen näischt ze maachen. Ass dat de Fall, wäert et nom Kollektivcongé fir de Bausecteur knaschteg ginn. Et wäert do mat de Gros-Ouevres ufänken a wéi bei den Dominosteng bis bei de Carrelage an den Ustrach viru goen.

Back to Top
CIM LOGO