
"Mir sinn haut net vill méi Konkretes gewuer ginn, wéi dat wat am Regierungsprogramm steet", dat sot déi gréissten Oppositiounspartei e Freideg de Mëtteg no der parlamentarescher Budgets- a Finanzkommissioun.
De Minister Pierre Gramegna war an där Reunioun an huet do de Volet ëffentlech Finanzen, Steieren an Entwécklung vun der Finanzplaz aus dem Regierungsprogramm virgestallt.
Op der Finanzplaz, dem wichtegste Pilier vun der Lëtzebuerger Ekonomie, deen zu méi wéi 30 Prozent zum PIB bäidréit, hu sech an de leschte Joren nei Secteuren opgedoen, nämlech d'Technologie financière, also d'Fintech, an déi gréng Finanzen. Beräicher, déi och an den nächste Jore ganz wichteg bleiwen, wéi de Pierre Gramegna no der Finanz a Budgetskommissioun sot.
D'Oppositioun war enttäuscht, datt se net vill méi Konkretes gewuer gi wier, wéi dat wat souwisou schonn um Pabeier steet.
D'CSV hätt zum Beispill gär méi Detailer driwwer gehat, wéi d'Regierung dat wëll maachen, fir datt et just nach eng eenzeg Steierklass gëtt, ouni datt een eppes verléiert, ma do krut déi gréisst Oppositiounspartei keng Satisfaktioun a muss sech gedëllegen. Wat all d'Mesurë kaschten, déi d'Regierung plangt, dat goufen d'Deputéiert och net gewuer.
Ma de Pierre Gramegna huet awer e Freideg de Mëtten op den Dësch geluecht, nämlech spéitstens wéi och d'Memberen aus der Kommissioun vum Contrôle a vun der Execution budgétaire dobäi waren.
D'Recettë vum leschte Joer sinn ofgeschloss. Op den 31. Dezember gouf et en Excedent vun iwwer 770 Milliounen. Bis d'Depensen och ofgeschloss sinn, dauert et nach 3 Méint. Et kann een awer elo scho virausgesinn, seet de liberale Finanzminister, datt et 2018 en Equiliber am Zentralstaat gëtt, fir d'éischte Kéier zënter 10 Joer.
D'Recettë sinn zejoert ëm 10% an d'Luucht gaangen. Déi ëffentlech Depensen dogéint just ëm 7,6% am Joresverglach.