Do geet et ëm d'Animatioun de Summer iwwer, méi genee tëschent dem 16. Juli an dem 12. September. D'Detailer bleiwen nach ze klären an hänken och nach vun de Covid-Reegelen of, déi deen Ament gëllen.
Proposéiert ginn awer elo scho mol déi Sitten an der Stad, déi sollen animéiert ginn, wou also Kiermesbuden a -spiller wäerten opgeriicht ginn, also Karusseller, Knuppautoen, Inte-Fëschen an Take-away-Iessbuden. Am Stadzentrum ass dat bei der Gëlle Fra, beim Roude Pëtz, um Glacis a bei der Villa Vauban, op der Gare beim Rousegäertchen an op der Garer Plaz, zu Bouneweg op der Place Jeanne d'Arc, zu Zéisseng op der Place de Roedgen, zu Eech am Parc Laval an zu Märel am Parc an op der Place Thorn. Dës Lëscht kann awer nach adaptéiert ginn, wéi et am Communiqué heescht.
Um Glacis wäert am Summer erëm en Open-Air-Kino organiséiert ginn (15. Juli bis 1. August), den Evenement "City Sounds" (4. bis 15. August) an och nach "Fun um Glacis" (21. August bis 12. September). Fir dës Eventer ginn elo mol just gastronomesch Bedreiwer vun engem Take-out gesicht.
Da gëtt et awer nach e weideren Opruff un d'Bedreiwer vu méi grousse Kiermesspiller. Ënnert dem Motto "Fun" solle vum 21. August bis den 12. September nämlech iwwer den Terrain vun der Stad verdeelt och Spiller wéi zum Beispill den "Top Spin", "Break Dance", "Tagada", "Matterhorn" oder "Freefalltower" ze fanne sinn. Dat schéint dann op eng Aart Fouer erauszelafen, wann och déi Kéier net op de Glacis konzentréiert.