D’Situatioun haut wier eng aner wéi wärend der Tripartite an d’Ofkommes tëschent Regierung, Patronat an de Gewerkschafte CGFP an LCGB wier längst iwwerholl.
Ma virun allem wier elo scho kloer, datt duerch d’Entwécklung vun de Präisser méi wéi eng Indextranche soll verréckelt ginn. An dozou, wat da soll geschéien, géing een elo déi ënnerschiddlechst Aussoe ginn, esou d’Nora Back. Verschidde Patronatsvertrieder wéilten da bei 0 ufänken, de Wirtschaftsminister géing drop halen, datt keng Indextranche verluer geet.
“Wann en dann awer gedréckt gëtt an den Aussoen, da seet en, et ass un der nächster Regierung ze decidéieren, mir hunn awer de President vun der Chamberkommissioun, deen och Fraktiounschef vun der DP ass, dee schwätzt dann op eemol kuriéis vun “da musse se gestreckt ginn”. Da schwätzt e vun 2025, ganz nei Iddien, also si mer an enger Manipulatioun, déi nach vill méi wäit geet wéi dat, wat elo passéiert. An da kënnt de Projet de loi an do steet dann dran, si ginn all ausbezuelt. Dat ass jo gutt. Dat heescht, d’Regierung bestätegt elo, si géifen alleguer am Abrëll 2024 op ee Coup ausbezuelt ginn. Mir wëssen awer leider, dass dat net wäert geschéien an dat gëtt jo och elo bestätegt vun allen Aussoe lénks a riets. An domat hu mir eigentlech dee gréisste Problem. An dofir ass och do nach eng Kéier eisen Appell: Déi mussen dee Projet de Loi zréckzéien. Mir hunn de gréisste Problem domat, dass eng Regierung higeet, e Gesetz unhëlt, wou se selwer weess a seet “Mir wäerten eis net drun halen”.”
Wärend der Tripartite hätt een nach gesot kritt, datt et de Betriber am Land alleguerte géing schlecht goen, ma et hätt sech séier gewisen, datt dat net sou schwaarz a wäiss wier an datt eenzel Entreprisen och gutt Resultater gemaach hunn.
“Mir hu keng wirtschaftlech Rezensioun. An och wann de Wirtschaftsminister da mat op der Pressekonferenz vun der Chambre de Commerce sëtzt, aus wéi enge Grënn och ëmmer mat dee Wirtschaftsbarometer do presentéiert an dann do mengt “dat Paradoxt ass eigentlech, dass de Chômage niddereg ass”, dann ass et éischter paradox, dass e Wirtschaftsminister déi Ausso mécht, well mir wësse jo, wéi d’Situatioun um Aarbechtsmaart ausgesäit an dat ass net erstaunlech, dass de Chômage niddereg bleift, et ass normal, well et ass esou, dass mer ëmmer nach méi Offre d’emploien hunn an déi wuesse stänneg.”
De Problem wier éischter e Manktem u qualifizéiertem Personal an dee géing een net léisen, andeems een d’Léin bremst, grad wann Däitschland gläichzäiteg de Mindestloun eropsetzt. Den Energie-Steierkredit da géing net halen, wat e versprécht, esou d’Nora Back: Elengerzéiender a Leit, déi Schichte schaffen oder Iwwerstonne maachen, géinge verléieren.
“Eng Persoun mam qualifizéierte Mindestloun, déi e puer Iwwerstonne mécht, déi ass Perdant mam Credit d’Impot énergie par Rapport zu deem, wat se kritt hätt, wa se den Index kritt hätt. An da si mer beim qualifizéierte Mindestloun an dann ass et dach berechtegt ze soen, mir kënnen dach net hei stänneg widderhuelen “massiv Iwwerkompensatioune bis an d’Mëttelschicht eran”.”
Den Index ze staffelen, wéi et rezent nees an der Diskussioun war, kënnt fir den OGBL net a Fro - d’Lounschéier misst een iwwert d’Steiere beienee kréien. Et wier och net am Sënn vun zum Beispill den Handwierksbetriber, den Index op deenen héije Léin ofzeschafen, vue datt dat d’Cliente vun deenen Entreprise wieren. An dat géing och d’Betriber allgemeng net gläich treffen.
“Da misst de Bankendirekter-Patron, dee muss da manner Index bezuelen, wärend de Michel Reckinger d’selwecht vill Index muss bezuelen, awer dee leit drënner, dass déi mat den héije Paien an de Banken hiren Index net kréien.”
An de leschte Wochen huet den OGBL déi Lénk an d’Piraten an och d’CSV gesinn, fir seng Positioun ze erklären. An do hätt sech erausgestallt, datt ee ganz no géing beienee leien. Et wéilt een och d’Majoritéitsparteie gesinn. Déi gréng gesäit d’Gewerkschaft e Mëttwoch, vun der DP hätt een nach keng Äntwert kritt a mat der LSAP nach keen Datum fonnt. D’Nora Back huet awer net verstoppt, datt d’Relatioun mat de Sozialisten ugespaant ass.