KonsumenteschutzD'ULC gesäit den neie System fir d'Chèques-repas kritesch

RTL Lëtzebuerg
De Finanzministère an d’Horesca-Federatioun hunn d’lescht Woch jo en neie System fir d'Chéques-repas presentéiert.

Dës solle méi flexibel ginn an den Notzer méi Kafkraaft ginn.

Fir d’ULC kléngt dat gutt, mä et géing puer Hoke bei der Saach ginn, ugefaange mat der Digitaliséierung. De Konsumenteschutz ass zwar averstanen, datt d’Chèques-repas nëmme solle fir hiren eigentlechen Zweck benotzt ginn, also fir Iessen a Liewensmëttel. Op der anerer Säit wier déi komplett Digitaliséierung bis den 1. Januar, ewéi wann ee géing all d’Notzer ënner Generalverdacht stellen. Amplaz plädéiert d’ULC fir Kontrollen, wéi zum Beispill duerch Test-Akeef, mat Sanktiounen am Fall wou géint d’Reegele verstouss gëtt.

D’ULC hannerfreet iwwerdeems d’Hausse vum Montant op 15 Euro. Dat géing vum Patron ofhänken a well d’Geschäfter dem Konsumenteschutz no hir Präisser wäerten un déi Hausse upassen, géinge vill Leit riskéieren, méi schlecht ewechzekommen.

Schreiwes vun der ULC.

Back to Top
CIM LOGO