D’Uni Lëtzebuerg kritt en externen Audit vun hire Gouvernance-Strukture gemaach. Deen Optrag, fir deen Audit wäert vum Héichschoulministère kommen, deen och de Cahier de charge an de Suivi mécht. Dës Decisioun huet d’Stéphanie Obertin geholl, nodeems si de Chaier de charge vum Audit examinéiert huet, deen d’Uni selwer an Optrag gëtt.
Den neien Audit vum Ministère soll komplementär dozou sinn a soll op onofhängeg Manéier d’Gouvernance-Mechanismen vun der Uni, d’Attributioune vun de verschiddene Gremien wéi och de Kader vun de Prozeduren an d’Decisiounsprozesser ënnert d’Lupp huelen. D’lescht Woch haten d’Deputéiert an der Héichschoulkommissioun kritiséiert, datt d’Uni selwer en externen Audit sollt an Optrag ginn an de Cahier de charge dofir selwer bestëmme sollt. Et gouf och Kritik, well de Perimeter vum Audit d’Gouvernance-Strukture vun der Uni ausgeschloss huet. De Ministère ënnersträicht elo, béid Auditen hätten zum gemeinsamen Zil, eventuell Dysfonctionnementer opzedecken a konkret Recommandatioune fir Verbesserungen ze maachen.