An der ChamberKondolenzbuch fir Éierechamberpresident Lucien Weiler vun Dënschdeg un disponibel

Roy Grotz
Nom stënterlechen Doud vum Éierechamberpresident Lucien Weiler sinn d’Fändele virun der Chamber fir déi nächst dräi Deeg op Hallefmast.
D’Kondolenzbuch läit an der Chamber aus.
© Flickr Chambre des députés

Vun en Dënschdeg u bis de nächsten Freideg ass och e Kondolenzbuch um Krautmaart disponibel, fir der Famillje vum Lucien Weiler Matgefill, Bäileed an hiren Hommage un den CSV-Nordpolitiker auszedrécken an ze kondoléieren.

D’Kondolenzbuch ass bis e Freideg tëscht moies 10 an nomëttes 16 Auer an der Chamber disponibel.

De Lucien Weiler war tëscht 1984 an 2013 als Deputéierten an der Chamber aktiv, President vum héijen Haus war de Nordpolitiker tëscht 2004 an 2009, CSV-Fraktiounschef war de Jurist vun 1996 bis 2004. No senger politescher Carrière war de Lucien Weiler wärend 5 Joer bis 2020 Hofmarschall.

Back to Top
CIM LOGO