No Eclat ëm KollektivvertragsreegelenDury schwätzt vu schlëmmster Attack op Sozialmodell, Mischo spillt Ball zeréck

Maxime Gillen
Jean-Marc Sturm
Bei enger Reunioun tëscht de Sozialpartner an dem Aarbechtsminister koum et zum Eclat.

Den Avant-Projet vum Aktiounsplang, deen de Minister proposéiert, gesäit vir, datt Kollektivverträg an de Betriber kënnen ouni Gewerkschaften negociéiert ginn.

Knackpunkt vun den Diskussiounen iwwert den Aktiounsplang ass d’Fro, ob bei de Kollektivvertragsverhandlunge fir d‘Salariéeë muss eng Gewerkschaft mat um Dësch sëtzen oder net.

Den Aarbechtsminister hätt bei der Reunioun erkläert, hie géif sech déi verschidde Positiounen zwar wuel ulauschteren, ma dat hätt keng Auswierkungen op seng Decisioun. An enger gemeinsamer Reaktioun heescht et, dës Manéier wier inacceptabel. Domat géif de George Mischo de Modell vum Lëtzebuerger Sozialdialog zerstéieren, dee bis ewell de soziale Fridden am Land garantéiert hätt, esou d‘Gewerkschaften.

Den Aarbechtsminister argumentéiert, datt antëscht 56 Prozent vun de Personaldelegéiert an de Betriber net zu enger Gewerkschaft gehéieren. Där Realitéit misst ee Rechnung droen. Där Meenung sinn och d‘Vertrieder vum Patronat.
D’Gewerkschaften dogéint betounen, datt Delegéiert a Salariéen ouni gewerkschaftlech Ënnerstëtzung an esou Negociatiounen am Nodeel sinn, well si jo wirtschaftlech ofhängeg vum Patron sinn. Esou wiere keng fair a konstruktiv Negociatioune méiglech, ganz am Contraire, d’Rechter vun de Salariéë géife mat Féiss getrëppelt.

Den LCGB-President Patrick Dury ass ausser sech:

“Wat den Aarbechtsminister de Moien gemaach huet, dat ass déi schlëmmsten Attack op de Lëtzebuerger Sozialmodell, dee mir an de leschten 30 Joer erlieft hunn.”

D’Ënnerschrëftsrecht dat bei den national representative Gewerkschafte läit, géif elo vum CSV-Aarbechtsminister a Fro gestallt ginn, fir d’Kräfteverhältnis zu Gonschte vum Patronat ze béien.

“Dat do stellt net nëmmen d’Kollektivvertragspolitik a Fro, dat do stellt de ganze Lëtzebuerger Sozialmodell a Fro fir ze soen: Um Terrain hutt Dir näischt méi ze dinn, a wa mir eng Tripartite hunn, dann zéie mir d’Gewerkschaften eraus... dat ass mat eis net méiglech.”

De Georges Mischo spillt de Ball zeréck

D’Gewerkschaften hätten him d’Messer op d’Broscht gesat, ma hie wier och Aarbechtsminister vun deene Leit, déi net vun OGBL oder dem LCGB vertrueden wieren:

“Si sinn erausgaangen, well si net zefridde waren, datt ech keng Ausso gemaach hunn zu engem Monopol vun enger Verhandlungsbasis an den Entreprisen. An et ginn natierlech och Entreprisen, wou keng Leit vum OGBL oder LCGB representéiert sinn. Et ginn Entreprisen, do si reng neutral Delegéiert, dat heescht, déi kéinten da kee Kollektivvertrag ausmaachen. Dat kann ech mer jo net virstellen”.

D’OGBL-Presidentin Nora Back recadréiert de Minister op deem Punkt

“Hien huet ebe sech net konnten dozou äusseren, dass hie sech un déi Lëtzebuerger Gesetzgebung hält. An déi seet eben haut, ee Kollektivvertrag gëtt verhandelt tëscht Patronen a Gewerkschaften. Dat ass awer fir eis d’Prämiss, fir driwwer ze schwätzen, wéi komme mir dann elo zu méi Kollektivverträg. Dass een un deem Modell festhält, dat jo awer ee Modell ass, dee sech iwwer déi lescht Joerzéngte bewäert huet, an deen och e bëssen de soziale Fridden hei zu Lëtzebuerg garantéiert huet”.

Schreiwes vum Aarbechtsministère

Comité permanent du travail et de l’emploi du 8 octobre 2024
Communiqué par : ministère du Travail

Le 8 octobre 2024, le ministre du Travail a reçu les partenaires sociaux pour une réunion du Comité permanent du travail et de l’emploi (CPTE) au ministère du Travail. Au cœur des échanges figurait le plan d’action national visant à transposer l’article 4 de la directive (UE) 2022/2041 du Parlement européen et du Conseil du 19 octobre 2022. Cette directive a pour objectif principal de garantir des salaires minimaux adéquats au sein de l’Union européenne.

Conformément aux dispositions de l’article 4, ce plan d’action pour promouvoir la négociation collective doit être élaboré «après consultation des partenaires sociaux ou en accord avec eux». La réunion du CPTE visait donc à promouvoir un dialogue constructif sur le sujet et à avancer ainsi dans le développement de mesures permettant de répondre aux exigences de la directive.

Le ministre du Travail exprime son regret face au départ anticipé des représentants syndicaux au cours des discussions. L’avant-projet élaboré par le ministère du Travail, qui devait servir de base aux discussions, n’a pas satisfait les syndicats. Face à cette situation, le ministre ne peut que réitérer son engagement du gouvernement à maintenir un dialogue ouvert et inclusif avec l’ensemble des partenaires sociaux, dans le but de parvenir à des solutions partagées et dans l’intérêt de toutes les parties concernées.

«Je prends note de la manière dont les échanges se déroulent et j’encourage un climat de confiance et de coopération pour aborder ensemble cette question d’une importance capitale. Notre objectif est de renforcer la collaboration avec tous les acteurs impliqués. Nous ne pouvons toutefois pas ignorer les évolutions de la société. Le monde du travail est en pleine transformation. En effet, 56% des délégués sont neutres, c’est-à-dire non affiliés à un syndicat. Nous sommes pleinement engagés à tenir compte de ces salariés tout en veillant à une représentation équilibrée de l’ensemble des acteurs», a souligné le ministre.

Schreiwes vun de Gewerkschaften

Back to Top
CIM LOGO