
Um Samschdeg de Moie war dowéinst scho vill lass um Fluchhafen. Kuerz no 6 Auer sinn déi éischt Maschinne vun der Luxair um Findel gestart. Spuenien, Malta a Portugal goufen als éischt ugeflunn.
Ronn 13.600 Passagéier géingen iwwer den Ouschterweekend vun der nationaler Fluchgesellschaft op déi verschidde Vakanzendestinatioune geflu ginn, sou den Dan Colling, Member vun der Luxair-Direktioun. Vun dëser Schoulvakanz u géifen dann och d’Luxair-Tours-Vollen zouhuelen. Iwwer Ouschtere géife se bei ronn 50 Prozent vun all de Flich vun der Luxair leien.
Op d’Kanaren, d’Balearen awer och e.a. op Porto, Roum a London geet et. Och Connectiounsvollen ewéi op Paräis stinn op dësem verlängerte Weekend um Programm.
Déi ganz Flott, dat sinn 21 Fligeren, ass iwwer dëse Vakanzeweekend am Déngscht.
No enger gudder Fuesvakanz geséit et och ganz positiv fir d’Luxair elo wärend der Ouschtervakanz aus. D’Buchunge fir de Summer géifen och schonn zanter Woche ganz gutt lafen.
D’zejoert huet d’Luxair en neie Rekord am Transport vu Passagéier opgestallt. Ronn 2,5 Millioune Mënsche goufen 2023 vun der nationaler Airline op déi verschidde Reesdestinatioune geflunn.