AuslännerwalrechtD'Walrecht fir EU-Bierger bei de Chamberwalen?

RTL Lëtzebuerg
De politesche Wëllen fir méi Integratioun vun Net-Lëtzebuerger, och beim Walrecht, schéngt net vum Dësch ze sinn.
© RTL Archiv

Den neien CSV-President Frank Engel ka sech virstellen, dass een engem EU-Bierger d’Walrecht fir d’Chamberwale kéint ginn. Dat ënnert der Konditioun, dass se Lëtzebuergesch schwätzen an och schonn zanter enger Rëtsch Joren hei am Land wunnen. Dat sot hien an engem rezenten Interview bei de Kollege vum Radio 100,7.

Auslännerwalrecht bei Chamberwalen - Reportage Joël Detaille

E Virstouss, dee schonns vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser als eng inakzeptabel Iddi jugéiert gouf. Ma wéi gesinn dann d’Majoritéitsparteien d’Aussoe vum CSV-Chef?

"Les moyens tendant à améliorer la participation des citoyens étrangers aux élections locales seront étudiés". Esou steet et "expressis verbis" am aktuelle Regierungsaccord. An an deem Sënn hu sech dann och déi 3 Parteipresidenten op eis Nofro hin ausgedréckt.

D'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen, déi jo och Integratiounsministesch ass, evoquéiert d’Resultat vum Referendum vun 2015. Partei-intern géif awer weider driwwer geschwat ginn: "Natierlech wëlle mer och, dass déi auslännesch Matbierger sech méi interesséieren, och fir d’Politik. Dann interesséiere se sech fir all d’Aspekter vum Liewen. Vu Schoul bis hin zur Aarbecht an dem drëtten Alter. Et ass e ganz wichtege Sujet, mä mer haten e Referendum mat engem ganz klore Resultat an dat gëllt et och ze respektéieren".

Där Meenung ass och de Parteipresident vun "déi Gréng", de Christian Kmiothek. D’Resultat vun deemools wier kloer gewiescht: Mir kënnen net elo einfach géint 80% vun der Populatioun goen an d’Auslännerwalrecht aféieren. Mä am Regierungsaccord steet awer och, dass een déi auslännesch Matbiergerinnen a Matbierger wéilt méi bedeelegen an an deem Sënn ass de Virstouss vum CSV-President natierlech interessant.

Fir den neien LSAP-Chef Franz Fayot ass et kloer, dass d’Auslännerwalrecht fir den Ament net op der Dages-Uerdnung steet: "Mä et ass awer och kloer, dass et en demokrateschen Defizit gëtt a puncto Walen. Dat hu mer och schonn 2015 am Kader vun der Campagne zum Referendum gesot. Mir mussen iwwerleeën, wéi mer eng besser Participatioun vun den Net-Lëtzebuerger hei am Land kréien. Am Kader vun de Walen, awer och ausserhalb dovun".

En Auslännerwalrecht ass deemno fir déi 3 Majoritéitsparteien net komplett vum Dësch, wann een och d’Resultat vum Referendum natierlech wéilt respektéieren.

E Resultat, wat der Presidentin vun der ASTI Laura Zuccoli no awer net dierft a Stee gemeesselt bleiwen: "Dass ee seet, elo war de Referendum a lo gi mer ni méi un déi Fro drun, well et ass elo ganz kloer, dass d’Lëtzebuerger do dogéint sinn,  dat ass eppes, do muss ee sech natierlech dermat auserneesetzen a seng Conclusiounen zéien. Et soll een den Debat awer net ënnert den Dësch setzen a soen, et wier eriwwer".

De politesche Wëllen fir méi Integratioun vun Net-Lëtzebuerger, och beim Walrecht, schéngt also net vum Dësch. A mam neien CSV-President dierft et och elo ee ginn, deen op d’mannst mat sech driwwer dierft schwätze loossen, wéi een dat da kéint hikréien.

Back to Top
CIM LOGO