
Den Etienne Schneider bleift weider op der Tracé vu sengem politeschen Mentor, dem Ex-LSAP-Minister Jeannot Krecké.
Eng vun den Zukunftspisten huet d'Blo-Roud-Gréng-Regierung awer verhënnert - an zwar an de Conseil vun Encevo eran ze kommen - do ware wuel net all Ministeren mat där geplangter "Scharade" averstanen.
Mä fuere mer der Rei no, fir net den Iwwerbléck ze verléieren.
Sécher ass, datt den Etienne Schneider, dee jo wëll eegene Wierder no, säi Liewen zeréck, fir säi Parteikolleeg Krecké wäert als membre non-indépendant an de Verwaltungsrot vun ArcelorMittal noréckelen.
Dat ass och esou acquis vun der Regierung, déi dësem Schrëtt hire Feu-vert am Januar ginn hat. Eisen Informatiounen no, huet en Nominatiounscomité vum Stolgrupp d'Kandidatur Etienne Schneider positiv aviséiert, sou datt kee Probleem fir dee Vott an der Assemblée générale dierft bestoen, déi op den 13. Juni geréckelt gouf. Eng Formsaach also nach...
De Staat hält iwwerdeem just nach 1,27% beim Stolproduzent, d'Famill Mittal huet 37% vun de Parten - just fir sech iwwert d'Relatioune kloer ze sinn.
Nach e weideren Zukunftsprojet da vum Etienne Schneider, wou och de Stull vum Jeannot Krecké iwwerholl gëtt, ass d'Kandidatur fir an de Conseil d'administration vun der russescher Holding Sistema.
Dës kondordant Nouvelle vu Paperjam a Radio 100,7 huet eis géintiwwer den Ex-Wirtschaftsminister confirméiert.
Sistema ass ganz breet opgestallt an zielt a komplett verschiddenen Domainer a Firmen eng 70.000 Leit. Sief et am Santé-Secteur, der Pharmaindustrie, der Space-Technologie, de Finanzen, Hotelswiesen, Telecom oder och dem Verschaffe vun Holz. An dëse russesche Global Player klëmmt den Etienne Schneider als Decideur op ieweschtem Level also eran. Zwou Wochen no der Assemblée générale vun ArcelorMittal kommen d'Sistema-Aktionären zu Moskau fir dëse Vott beieneen. Eng Formsaach u sech och hei...
De Grënner vu Sistema, de Milliardär Wladimir Jewtuschenkow, ass iwwerdeem zanter 10 Joer Lëtzebuerger Consul-Honoraire a Russland.
Ee vun de Projete vum Etienne Schneider huet iwwerdeem net geklappt, well et war u sech, RTL-Informatiounen no, geplangt, datt de Papp vum Rifkin-Prozess och an de Conseil vun Energiegrupp Encevo erakënnt, fir do de Post-Generaldirekter Claude Strasser z'ersetzen.
En entspriechend Schreiwes fir dee Changement war och wéi et schéngt vum Post-Grupp verfaasst, mä op Demande vun der Regierung, wier dës Propositioun nees zeréckgezu ginn, iwwerdeem de Wirtschaftsminister Franz Fayot favorabel zur Kandidatur stoung an also "iwwerstëmmt" gouf.
Wéi et eise Sourcen no heescht, wier net jiddereen an der Regierung mam Choix vum Etienne Schneider fir an den Encevo-Board ze kommen, d'accord gewiescht an hätt sech queesch geluecht. Keng réng Formsaach also, mee en Ausbremsen op der leschter Ligne Droite.
Lo heescht de Vertrieder vun der Post bei Encevo am ieweschten Decisiouns-Gremium dann net Etienne Schneider, mä Romain Lanners. Nieft dem Post-Generalsekretär, an den Häre Castagna an Kirsch, ass iwwerdeems och den Olaf Münichsdorfer, premier Conseiller de Gouvernement am Ministère vum Energieminister Claude Turmes an den Encevo-Conseil nominéiert ginn.
Zur Erënnerung: no de Walen 2018 huet et, trotz enger Perte vun 3 Sëtz fir seng Partei, den Etienne Schneider nach emol acceptéiert, fir Vize-Premier ze ginn. Vum Dream-Team "Bettel-Schneider-Braz" ass iwwerdeem nëmmen nach den DP-Staatsminister "en poste". No enger entspriechender Annonce Enn d'lescht Joer huet den Etienne Schneider virun 3 Méint aus der Politik demissionéiert, an ënner anerem eng eege Firma gegrënnt. Dës Firma huet als offiziellen Objet d'Beroden an d'Intermédiation an ekonomeschen a geschäftleche Froen.

Et war am Februar 2012 wéi Hien, als deemolegen héije Conseiller, nom Depart vum Jeannot Krecké als LSAP-Wirtschaftsminister an d'Regierung komm war. Op dëse Spueren geet et also lo hell ewech virun... an hell blénkt och de Stär Beta Aquarii am Stärebild Waassermann, 610 Liichtjore vun der Äerd ewech - iwwregens och den Numm vun der neier Firma vum Etienne Schneider. D'Stärenzeechen vum gebiertegen Diddelenger brauche mer wuel net ze preziséieren...