E Méindeg war et de leschten Deel vun der Rentrée. No der Grondschoul an de Septièmen déi lescht Woch huet de Lycée fir déi méi al Schüler nees ugefaangen an domat och nees den Eescht vum Liewen. 45.000 Jonker hunn de Wee nees hannert d‘Schoulbänk fonnt. Ënner anerem zu Clierf goufen dëst Joer e puer Rekorder gebrach – positiv ewéi negativ.
Fir e puer honnert Schüler war et e Méindeg de Retour an hir méi oder manner bekannte Klassesäll. Et ass den éischte Schoulufank an 3 Joer: ganz ouni Mask, Mindestofstand oder Homeschooling.
Fir de Jean Billa, Direkter vum Lycée Edward Steichen ass awer kloer: “Mir mierken awer ganz kloer, datt mer et hei mat enger Covid-Generatioun ze dinn hunn. Dobäi schwätzen ech elo emol net vun de Lacunnen. D‘Schoul ass do, fir Lacunnen ze combléieren. Dat kréie mer och nees erageholl. Mä mir mierken, datt eise SEPAS (fréiere SPOS) vill gefrot ass. Eis Psychologe si vill gefrot. Et si ganz aner Problemer, mat där eng Schoul ze kämpfen huet, ewéi nach viru Covid.”
Mat neier Energie a manner Geld an de September
Eppes, wat een den éischte Schouldag kaum engem ugesinn huet. Mat frëscher Energie – a virun allem Virfreed op d‘Kolleegen – hu sech vill Schüler op d‘Rentrée gefreet.
Mat 234 neien Aschreiwunge fir d‘Septième huet een dëst Joer en neie Rekord gebrach. De Lycée zu Clierf wiisst séier. Ma déi aktuell Inflatioun huet fir dëst Joer en zweete méi traurege Rekord opgestallt. “E Freideg, wou mer eis Septièmen empfaangen hunn, ass mer opgefall, datt eis Assistente sociale nach ni esou iwwerlaf ginn ass, fir dee berüümte gielen Ziedel ze kréien”, erkläert de Jean Billa. "Dee gielen Ziedel am SEPAS heescht, datt een en “élève nécessiteux” ass. Déi kréien zousätzlech Hëllefen.”
National Elterevertriedung freet solidaresch Efforten
Dat iwwert de Staat. Et misst een diskutéieren, ob d’Allocation de rentrée scolaire net déi nächste Jore misst un den Index gekoppelt ginn, esou déi national Elterevertriedung. An dëse schwieregen Zäite freet déi national Elterevertriedung och no Versteesdemech beim Léierpersonal. Den Alain Massen, President vun der nationaler Elterevertriedung: “D‘Enseignantë si jo awer déi, déi de Kanner soen, wéi ee Material se brauchen, wat se solle kafen, ech mengen, et wier ganz flott, wann d‘Enseignanten dat dëst Joer an dëser Situatioun kéinte consideréieren an ob Ofännerunge méiglech sinn, déi manner an d‘Geld schloen. Dat si solidaresch Efforten.”
D‘Lycéeën zu Lëtzebuerg geréieren hire Budget selwer. Déi Meescht vun hinnen hunn och e Sozial-Fong, fir Jonker an Nout ze ënnerstëtzen.