ChamberE Mëttwoch gouf iwwert d'Verfassungsrevisioun ofgestëmmt

RTL Lëtzebuerg
Konkret goung et ëm dat éischt Kapitel vu 4, iwwert d'Justiz, iwwert dat votéiert gëtt.
© RTL

An der Chamber gouf e Mëttwoch de Mëtteg iwwert d'Verfassungsrevisioun ofgestëmmt, dat no iwwer 15 Joer Diskussioun an iwwer 200 Sëtzunge vun der zoustänneger Chamberkommissioun. Dat 1. Kapitel vu 4, iwwert d'Justiz, stoung zum Vott.   
D'Onofhängegkeet vun der Justiz an d'Présomption d'innocence sollten eng éischte Kéier an der Verfassung verankert ginn.

Rapporter war den CSV-Deputé-maire Léon Gloden.

En 2. Volet vun der Revisioun huet sech jo dann ëm d’Chamber an de Staatsrot gekëmmert, en 3. Volet ëm d'Staatsform, d'Monarchie an d'Reliounen an e 4. Text behandelt d'Rechter an d'Fräiheeten.

Vu Säite vun der ADR, de Piraten an och vun déi Lénk war et weiderhin d'Fuerderung, dass dat Ganzt an engem Referendum misst zur Sprooch kommen.

Eng Analys vum François Aulner

Et ginn aktuell vill Diskussiounen doriwwer, datt d'Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng an d'CSV (op déi se an dësem Dossier ugewise sinn) kee Referendum wëllen. D'Verfassung ka mat oder ouni Referendum geännert ginn, och wann et ouni Referendum – wuertwiertlech – manner populär ass.

D'Verfassung kann op zwou Aart a Weise geännert ginn: entweder d'Chamber stëmmt zwee Mol iwwert eng Verfassungsännerung of, mat engem Intervall vun op d'mannst 3 Méint tëscht dem éischte Vott an dem zweeten. Oder, déi aner Optioun, d'Chamber stëmmt eemol of an da gëtt den Text den ageschriwwene Wieler an engem Referendum ënnerbreet. D'Chamber muss iwweregens egal wéi - mat oder ouni Referendum - mat enger zwee Drëttel Majoritéit den Text stëmmen, fir datt en adoptéiert gëtt.

Wéi ass et souwäit komm, datt et keng Verfassungsreform mat Referendum gëtt, mee eenzel Verfassungsännerungen ouni Referendum?

Graff resuméiert: well d'Verfassungsreform, sou wéi se um Dësch louch, 2019 duerch d'CSV blockéiert gouf… dunn hunn d'Regierungsparteien, déi an dësem Dossier op d'CSV ugewise sinn, decidéiert d'Verfassungsreform duerch punktuell „Modernisatiounen“ z'ersetzen. Dat mécht den Inhalt vun den Ännerungen net manner komplizéiert, sou datt d'DP, LSAP, déi Gréng an d'CSV fäerten, datt d'Wieler géingen dogéint stëmmen, wann eenzel Punkten hinnen net gefalen oder eppes wat hinne wichteg wier, géing feelen. Se ginn och warscheinlech dovunner aus, datt nom villen Hin an Hier, d'Wieler se kéinte wëlle mat engem „Nee“ wéi den „3 Mol Nee“ vun 2015 bestrofen.

Firwat huet d'CSV dann 2019 de grousse Worf, deen um Dësch louch, blockéiert?

Eigentlech ware sech déi Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng an d'CSV eens iwwert en Text, un deem de fréieren CSV-Députéierte Paul Henri Meyers eng 15 Joer laang gedoktert hat. 2019 huet seng eege Partei – dach e bëssen iwwerraschend – hire Veto ageluecht. D'Ursaach: de Premier Xavier Bettel hat kuerz virdrun d'Parteie gefrot, wéi si zu de 4 Walbezierker an Duebelmandater stinn. Donieft gouf et e Sträit tëscht dem Parquet an der CSV, well d'CSV am Zesummenhang mat der Affär Jucha a Fichier Central der Justiz vill Froe gestallt huet.

Hat Verfassungsreform vum Paul Henri Meyers nach virgesinn, datt d'Onofhängegkeet vun der Justiz, och vum Parquet virgesinn, sou war d'CSV elo dogéint, datt de Parquet net méi ënnert dem Justizministère steet. Wéinst dem Veto hunn DP, LSAP an déi Gréng misse noginn. A sou wéi d'CSV et wollt, behält de Ministère e Weisungsrecht iwwert de Parquet.

D'Regierungsparteien hunn och acceptéiert, datt soll et just zur Ännerung vun 31 Punkten am Grondgesetz vun 1868 kommen, dat awer ëmmerhin no Biergerforen a Consultatiounen, där et der jo puer gouf an der Lescht.

Bei enger Veranstaltung d'lescht Woch hunn eng Rei Leit och hir Roserei ausgedréckt, well et kee Referendum soll ginn. D'ADR seet, domadder géinge Walversprieche gebrach ginn. Si, d'Pirate an déi Lénk fuerdere weider e Referendum. Ass dat da vum Dësch?

Nee, well 25.000 walberechtegt Bierger kënnen dat per Petitioun froen, da misst d'Regierung e Referendum organiséieren. Eng aner Optioun ass: 16 Deputéiert fuerderen dat. Komplizéiert ass et elo awer well d'Verfassungsrevisioun opgedeelt gouf: éischtens sinn d'Themen elo opgedeelt: Justi,  wou den CSV-Deputéierte Leon Gloden Rapporteur ass a wouriwwer e Mëttwoch eng éischte Kéier ofgestëmmt gëtt, dann Organisatioun vum Staat, Rapporter Mars Di Bartolomeo (LSAP), Rechter a Fräiheeten, Rapportrice Simone Beissel (DP) a Chamber a Staatsrot, Rapporter Charel Margue (déi Gréng). Da misste 4 Mol 25.000 Bierger e Referendum ufroen. Vläicht kéint awer nach e Referendum vum ganzen Text ugefrot ginn, wann d'Chamber déi eenzel Kapitele bis ofgeseent huet.

Eng Petitioun an der Chamber huet och scho méi ewéi 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt, also kënnt et scho Mol zu engem Debat. D'Fro vun engem Referendum ass also nach net vum Dësch.

Eng Konklusioun

Datt d'Oppositiounsparteien d'Thema elo notzen, fir Oppositioun ze maachen, war virauszegesinn. Ënnert anerem d'Kritik, well et kee Referendum gëtt oder wéinst dem Hin an Hier vun de Regierungsparteien an CSV, ass och duerchaus legitim. Fir sech um Enn eng eege Meenung ze maachen, kann ee just recommandéieren, den Inhalt vun de Verfassungsännerungen ze liesen, déi u sech awer net esou kontrovers sinn, wéi ee kéint mengen.

Back to Top
CIM LOGO