LiichtmëssdagE Samschdeg huet et nees "Léiwer Herrgottsblieschen" geheescht

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet een nees e bësse besser am Stroosseverkéier oppasse missten, well d'Kanner nämlech liichte gaange sinn.
VIDEO: Liichtmëssdag 2019
E Samschdeg heescht et nees "Léiwer Herrgottsblieschen".

E Samschdeg, 2. Februar, war nees Liichtmëssdag.

Traditionell ginn d'Kanner da mat hire Lampionen - oder méi korrekt Liichtebengelcher - vun Haus zu Haus a kréie Séissegkeeten oder Suen, och wa se vu "Speck an Ierbesse" sangen...

D'Sécurité Routière hat wéi all Joer nees e puer Recommandatiounen erausginn, wéi ee sech mat de Kanner laanscht d'Strooss ze verhalen huet. Am beschten ass et natierlech um Trëttoir ze goen. Fir iwwer d'Strooss ze goen, soll een en Zebrasträif benotzen a wa keen do ass, op enger vu béide Säiten iwwersiichtlecher Plaz eriwwer ze goen.

Wichteg ass och, datt d'Kanner hellt Gezei unhunn a fir datt d'Automobiliste d'Kanner nach besser gesinn, liichtreflektéierend Accessoiren oder Gileten unzedoen.

D'Police hat och geroden, sech scho virum Abroch vun der Däischtert op de Wee ze maachen.

Un d'Chauffere war et iwwerdeems den Appell, lues ze maachen, fir datt déi Kleng a Sécherheet kënnen no "Speck an Ierbessen" heesche goen.

Op Wikipedia: Iwwert de Brauch vum Liichten

Wéi aner Feierdeeg och, ass Liichtmëssdag eng Mëschung aus alen, "heednesche" Bräich, op déi e kierchlecht Fest dropgeprafft gouf.

Zréck geet et op d'keltescht Fest vum Imbolc, dat den 1. Februar zu Éiere vun der Gëttin Brigid gefeiert gouf, an dat Rengegung an d'Fruchtbarkeet um Enn vum Wanter zum Thema hat. D'Bauere sinn an enger Prëssessioun mat Fakelen op d'Felder gezunn, an hunn d'Gëttin ugebiet, si soll d'Felder rengegen, éier se nei ausgeséint géifen. Och d'réimescht Lupercus-fest, benannt no engem Gott vun der Fruchtbarkeet an den Déierenträpp, dat ëm de 15. Februar gefeiert gouf, spillt hei mat eran.

Am 5. Joerhonnert huet de Poopst Gelasius I. dës Riten duerch d'"Lutefest" ersat, dat doru soll erënneren, wéi der Bibel no de Jesus am Tempel presentéiert gouf an d'Maria doduerch och gerengegt sollt ginn. No jiddesche Riten hunn d'Mamme missen hiren éischtgebuerene Jong 40 Deeg, nodeem en op d'Welt koum, am Tempel presentéieren. An de Kierche goufen dann d'Fakelen duerch Käerzen ersat, déi da geseent a vun de Leit versuergt goufen, fir se bei Gefor (Donnerwiederen, asw.) ofzebrennen.

Den 3. Februar ass iwwregens den Dag vum hellege Blasius, dee schonn dacks um Virowend gefeiert gëtt - also op Liichtmëssdag. De Blasius hat am 4. Joerhonnert, der Legend no, e Kand gerett, dat bal un enger Sprenz erstéckt war.

Doraus ass de Blasius-Seegen entstanen, deen doraus besteet, zwou Käerzen iwwer Kräiz virun den Hals ze halen, fir sech virun Halskrankheeten oder Erstécken ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO