
Den Ombudsman fir d’Rechter vun de Jonken a Kanner freet dann och, datt de Schoulalldag lo misst zesumme reflektéiert ginn, natierlech virop vun de Concernéierten aus dem Réidener Lycée. Aus dem Schock eraus misst lo d’Gespréich gesicht ginn, fir opzegräifen, wat Jonker, Elteren an Enseignanten en Dënschdegmoien erlieft hunn.
“Wéi si mer als Schoul eng Safe place? Si mer e sécheren Uert? A wat gehéiert alles do derzou? Ech mengen, ech sinn a ganz ville Schoulgebaier an Institutiounen ënnerwee. Ech sinn heiansdo erschreckt iwwer d’Architektur, déi dominéiert eigentlech op e conviviaalt Zesummeliewen. A bestëmmt ginn et ganz vill Efforten, déi kënne gemaach ginn, datt et wierklech fir Kanner a Jugendlecher en Ëmfeld ass, wou si sech sécher spieren. Dozou gehéiert d’Infrastruktur, mee dozou gehéiert natierlech och den Encadrement.”, esou de Charel Schmit.
Den Ombudsman freet dann awer och d’Elteren, fir déi nächst Deeg opmierksam fir d’Behuele vun hire Kanner ze sinn, well Schockmomenter, wéi déi zu Réiden, och op net-implizéiert Jonker kéinten en Afloss hunn an Iddien a Gefiller declenchéieren.
“Ech mengen et ass elo wichteg, fir dass och d’Elteren an d’Famillen doheem déi Meldung hei opgräifen a mat hire Kanner a Jugendlechen am Fong och diskutéieren. Mir hunn zwou Woche Semaine de santé mentale, wou grad d’mental Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen am Vierdergrond steet. An dat ass ëmsou méi e Grond fir eigentlech mat den eegene Kanner och ze kucken, wéi d’Situatioun ass, wéi ee Gefill vu Sécherheet si hunn am Schoulalldag. An am Fong och als Eltere vläicht déi eng oder aner Terminer an deenen nächsten Deeg ofzesoen, fir méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen.”
De Charel Schmit begréisst, datt beim Tëschefall zu Réiden d’Prozeduren an d’Prise en charge vun de Schüler an de Membere vun der Schoulcommunautéit gutt geklappt huet. De Groupe de support psychologique vum CGDIS ass dann och e Mëttwoch nees an der Schoul present.