Am Réidener Lycée gouf en Alarm ausgeléist, well vun enger Schülerin eng verdächteg Persoun gemellt gouf. D'Police ass direkt op d'Plaz gefuer.

En Dënschdeg um 10.50 Auer huet d'Police Entwarnung ginn. Et hätt een näischt Verdächteges fonnt an et hätt zu kengem Ament eng Gefor bestanen.

Policeinterventioun am Réidener Lycée / Reportage François Aulner

Am RTL-Interview sot den Direkter Jeff Kohnen, dass eng Schülerin gemellt hat, si hätt eng verdächteg jonk Persoun am Lycée gesinn, eventuell mat enger Waff. De Lycée huet doropshin direkt d'Police informéiert, an esou wéi d'Prozeduren et virgesinn, gouf Alarm ausgeléist. D'Schüler goufen a Sécherheet bruecht. D'Police konnt keng Waff fannen. 

Den Direkter vun Réidener Lycée Jeff Kohnen am RTL-Interview
No 8 Auer war eng verdächteg Persoun gemellt ginn, wouduerch den Noutfall-Alarm ausgeléist gouf.

Wéi et aus dem Educatiounsministère heescht, wier nom Incident d'Prise en charge vun de Schüler an de Membere vun der Schoulcommunautéit e wichtegt Uleies. De Groupe de support psychologique vum CGDIS war dofir och schonn en Dënschdeg am Lycée, fir den Incident mat de Schüler ze thematiséieren a Recommandatiounen ze ginn. Si wäerten och nach e Mëttwoch present sinn. Sollt an den nächsten Deeg a Wochen de Bedarf do sinn, da kann och de Groupe d’accompagnement psychologique (GAP) vum Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePAS) eng Ënnerstëtzung ubidden. 

Groupe de Support Psychologique (GSP) vum CGDIS no Amokalarm zu Réiden am Asaz
De Roby Fehlen vum GSP mat Erklärungen zum Asaz.

3 Schüler wollten ons hiren Temoignage ginn. 

Dräi Schüler aus dem Réidener Lycée mat enger Reaktioun nom Amok-Alarm.
Trainéiert gouf esou en Eeschtfall nach net, deemno war d'Onsécherheet grouss.

Wat war geschitt?

Géint 8.20 Auer war eng verdächteg Persoun gemellt ginn. D'Police hat dann och op Nofro hi confirméiert, dass et do e gréisseren Asaz gëtt, ouni awer Detailer ze nennen. 

RTL-Informatiounen no hunn d'Schüler mussen an hire Säll bleiwen, d'Diere wieren zougespaart ginn. 

RTL war och a Kontakt mat Elteren, respektiv Enseignanten, déi den Ament am Atert-Lycée waren. Wéi et heescht, waren eng Partie Schüler an de Klassesäll, wou si sech agespaart hunn. Aner Klasse wieren an der Sportshal gewiescht.

D'Police huet spéider bestätegt, dass eng verdächteg Persoun gemellt gi war, wouduerch direkt eng Partie Policepatrullen op d'Plaz gefuer waren. Och e Policehond ass Zeienaussoen no an den Asaz komm.

D'Police wier an d'Klassesäll komm an hätt mat de Schüler geschwat an nogefrot, ob alles an der Rei wier, dat op eng ganz roueg Manéier. No der Inspektioun huet den Enseignant d'Dier vum Klassesall nees mussen zouspären.

Ronderëm de Réidener Lycée gouf e grousse Sécherheetsperimeter ageriicht an d'Zoufaartsweeër goufe vun der Police ofgespaart.

RTL

Et gëtt e grousse Sécherheetsperimeter ronderëm de Réidener Lycée. / © Jeannot Ries

Um 10.50 Auer koum vun der Police awer Entwarnung. Et hätt een näischt Verdächteges konnte feststellen an et hätt zu kengem Ament eng Gefor bestanen.

Um 11.30 Auer kruten d'Schüler dann och gesot, dass se aus dem Klassesall eraus däerfen.

D'Elteren a Familljememberen, déi bei d'Schoul komm sinn, ginn net an d'Gebai eragelooss. Si solle bausse waarden, respektiv ginn opgeruff sech an der Sportshal ze regroupéieren. Si ginn dann och vum Groupe de Support Psychologique (GSP) vum CGDIS informéiert a betreit.

De François Aulner mat Impressioune live vun der Plaz (12 Auer)
RTL

© Jeannot Ries

Schreiwes vun der Police 

(Aktualiséiert um 11.04 Auer)
Polizeieinsatz im Lyzeum in Redange Attert

Aufgrund der Meldung einer verdächtigen Person sind Polizeieinheiten vor Ort und führen die erforderlichen Kontrollen durch. Derzeit besteht keine unmittelbare Gefahr.

ZUSATZ
Gegen 08.20 Uhr wurde der Polizei eine verdächtige Person im Atert-Lycée in Redingen/Attert gemeldet. Mehrere Streifen und Einheiten der Polizei verfügten sich sofort vor Ort um die erforderlichen Überprüfungen durchzuführen. Gegen 10:50 Uhr waren diese Kontrollen abgeschlossen. Es konnte nichts Verdächtiges festgestellt werden. Es bestand zu keinem Moment Gefahr für die anwesenden Personen. Der Polizeieinsatz ist damit beendet.