
De Chamberpresident Fernand Etgen schwätzt vun enger Rekord-Legislatur. Déi lescht fënnef Joer gouf um Krautmaart esou vill geschafft, wéi nach ni virdrun. D’Deputéiert ware fir parlamentaresch Sessiounen a Kommissiounen iwwer 4.100 Mol zesummen. Eleng mat iwwer 300 ëffentleche Sëtzunge louch ee bei engem Drëttel méi, wéi soss.
Besonnesch déi lescht Sëtzungswoch gouf um Krautmaart gedrummt a gemurkst. Dat soten esouguer d’Deputéiert selwer.
Huele mer e Freideg, den 21. Juli, als Beispill. Do stoungen nomëttes siwe Gesetzprojeten um Ordre du Jour - an net där mannster, mat Sujete wéi abordabele Wunnraum. Do stellt sech d’Fro, ob d’Quantitéit net op Käschte vun der Qualitéit vum Debat geet?
Dee Pensum um Schluss vun der Sessioun an der Legislatur ass net nei, seet de Generalsekretär vun der Chamber
“Mir hunn dat probéiert ze antizipéieren an der Chamber. Als Beispill kann ech Iech nennen, dass mer an der Chamber ee spezielle Service agefouert hunn, wou d‘Deputéiert an d‘Mataarbechter vun de Fraktiounen eng Hëllefsstellung kréien, fir d’Qualitéit vun de Gesetzer ze verbesseren.”
Wat an der Chamber decidéiert gëtt bestëmmt eisen Alldag. Wéi kritt een déi Onmass un Informatiounen nach no Bausse vermëttel? D’Leit hunn et schwéier, den Iwwerbléck ze behalen
“Ech denken, dass een den Ënnerscheed muss maachen tëscht der Opstellung an dem Vott vu Gesetzer engersäits, an dem Ëmsetzen, wou et elo méi wéi jee néideg ass op eng konstruktiv Aart a Weis dat unzegoen mat der néideger Kommunikatioun, fir dass d‘Gesetzer an der Zäit enracinéiert ginn.”
Eng wichteg Erkenntnis gouf et wärend der Covid-Kris. Do huet een op Kommissiounssëtzunge via Videokonferenz gesat, an dat wäert an Zukunft Schoul maachen.
“Dat huet sech erwisen, dass een doduerch op eng ganz pragmatesch Aart a Weis fir Reunioun, déi net héich politesch sinn, besser ka schaffen an et huet ganz sécher dozou bäigedroen, dass déi ganz vill Aarbecht, déi ulouch, konnt bewältegt ginn.”
E Mëttwoch de Moien kucke mir mam Generalsekretär vun der Chamber, wat sech soss nach hannert de Kulisse vum Krautmaart gedoen huet an doe wäert.