
D’Deputéiert waren iwwer 4.100 Mol beieneen, 15 % méi dacks wéi an de 5 Joer virdrun. D’Kommissiounssëtzunge ginn zanter der Corona-Pandemie och vill méi dacks iwwer Videokonferenz organiséiert.
310 ëffentlech Sëtzunge gouf et tëscht 2018 an 2023, dat war een Drëttel méi wéi an der Sessioun vun der Legislatur virdrun. Déi Sëtzungen hunn am Ganzen 1.232 Stonnen an 21 Minutte gedauert. Bei de Kommissiounssëtzunge gouf et och e Plus vun 10%. Iwwer 3.400 där Sëtzunge gouf et dës Legislatur an der Chamber.
750 Gesetzprojete goufen deposéiert, 50% méi wéi tëscht 2013 an 2018. Besonnesch elo am leschte Chamberjoer gouf ganz äerdeg geschafft, 204 Gesetzprojete goufen do ugeholl. Am éischte Joer vun der Legislatur waren et der nëmmen 63, d’Joer drop 142.
D’Deputéiert hunn och vill méi Gesetzpropositioune gemaach wéi soss. Mat 83 waren et der 3 Mol souvill wéi an der Legislatur virdrun.
D’Zuel vun de parlamentaresche Froen huet sech an dëser Legislatur verduebelt. D’Deputéiert hunn 8.200 Froen un d’Regierung gestallt. Et goufen och 4 Mol méi Aktualitéitsstonnen a 50% méi Interpellatiounen ewéi an der Period 2013 - 2018.