
Entrevuë mam Premier, mam Verdeedegungsminister a mat hirem Lëtzebuerger Homolog Jean Asselborn. Eng Visitt an der Chamber, d’Emine Dzhaparova war 2 Deeg laang ronderëm d’Auer am Asaz, fir op déi ukrainesch Cause opmierksam ze maachen. Déi 39 Joer jonk Vize-Ausseministesch - fréier Journalistin an News-Presentatrice - war schonn ënnert dem Petro Poroschenko Vize-Informatiounsministesch. Si ass gebierteg vun der Krim, do wou alles ugefaangen huet.
Um Enn vum zweete Weltkrich huet déi fréier Sowjetunioun d’Krimtataren aus hirer Heemecht deportéiert. Och der Emine Dzhaparova hir Grousselteren. 2014 - 70 Joer méi spéit huet Russland d’Krim annektéiert.
“All Kéier, wa meng Groussmamme mir d’Geschicht vun der Deportatioun erzielt hunn, hu se gekrasch. Och nach mat 90... An ech hat ni geduecht, datt ech dat selwecht Gefill vun der verluerener Heemecht 2014 erliewe géif. Et war wierklech déi schlëmmst an häertst Zäit a mengem Liewen, wéi ech decidéiert hunn, d’Hallefinsel ze verloossen”, erënnert sech d’Emine Dzhaparova.
Mat 2 vollgepaakten Autoen ass d’Emine Dzhaparova mat hirem Mann, der 5 Joer aler Duechter an der Kaz vun der Krim op Kiew geflücht.
“Ech hat geduecht, dat wär déi schwéierst Zäit... Mee ech hat mech geiert. Well dëse 24. Februar huet mäi Vollek eng weider Tragedie erlieft.”
D’Geschicht vun der Krim wär wichteg, well se munches erkläre géif iwwer déi nei russesch Aggressioun, erkläert déi ukrainesch Vize-Ausseministesch.
Am 1. Deel vum RTL-Interview schwätzt déi ukrainesch Spëtzepolitikerin och iwwer hiert Zesummekomme mat ukrainesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg an der Noutwennegkeet, fir iwwer héich modern Waffen ze verfügen.