
D’Fra war mam Bus ënnerwee Richtung Pommerlach. Virum Rond-point hätt de Bus schonn d’Leitplank ze packe kritt a wier du mat héijer Vitess duerch d’Mëtt vum Kreesverkéier gefuer. D’Fra huet sech zu deem Zäitpunkt d’Fro gestallt, wisou de Bus esou séier ënnerwee war. De Bus wier kuerz an der Luucht gewiescht, esou wieren och d’Passagéier vun de Sëtzer gerappt ginn: “Ech hu mer geduecht, elo ass Feierowend.”
Um Parking vun engem Supermarché wier de Bus un d’Stoe komm, wéi en op eng Remorque gerannt ass. D’Fënstere vum Bus wieren duerch den Opprall vum Gefier lenks a riets futti gaangen. Et wier vill Blutt do gewiescht an d’Leit hätte gejaut. D’Fra sot am Interview: “Ech hu mer direkt geduecht, du muss elo eraus.”

Et wieren direkt e puer Persounen op der Plaz gewiescht, fir ze hëllefen. Ee Mann mat sengem Meedche vu ronn 16 Joer hätt direkt gehollef.
“Mir hunn op d’Ambulanze gewaart an ech hat nach mengem Mann ugeruff, fir ze soen, wat geschitt ass.”
Si géif gäre wëssen, wien de Mann war, dee gehollef huet fir him Merci ze soen.
D’Persoun kann sech vertraulech bei RTL ënnert der Mail dossier@rtl.lu mellen, fir e Kontakt hierzestellen.
D’Fra selwer huet ee Wirbel gebrach a krut 4 Schrauwen an de Réck agesat. “Ech sinn elo net méi wéi ech war”, esou d’Fra, déi och eng Plainte bei der Police gemaach huet. Se géif kengem esou eppes wënschen, wat de Leit am Bus geschitt ass. Zanter dem Accident krut si keng Hëllef méi. Fir den Trauma ze verschaffen, géif se elo bei de Psycholog goen. Vun offizieller Säit hätt si bis elo keng Hëllef oder Ënnerstëtzung ugebuede krut. Si fillt sech eleng gelooss.
Bis ewell krut si och vun der Police keng Erklärungen, wéi et zum Accident komm ass. D’Enquête wier nach amgaang. Fir si wier et awer wichteg, fir ze verstoen, wat genee geschitt ass, fir et besser kënnen ze verschaffen.
An de nächsten Deeg wëll d’Fra och Kontakt mat der AVR, der Association nationale des Victimes de la Route, ophuelen, fir ëm Hëllef ze froen.