En Donneschdeg war den internationalen Dag vun der Organspend. Déi meescht hu bestëmmt scho mol dovunner héieren, mee wien huet sech scho mol Gedanken driwwer gemaach, ob en och seng Organer géif spenden? Stéchwuert: Tabuthema Doud. Fir dofir ze sensibiliséieren, setze sech verschidden Organisatiounen an, well fir Leit, deenen hir Organer net méi fonctionéieren, kann eng Organspend iwwer Liewen an Doud entscheeden.
Lëtzebuerg ass Deel vun Eurotransplant. Dat sinn 8 Länner, déi d’Organspenden zesumme geréieren. 2023 ware knapp 13.500 Leit op der Waardelëscht fir ee Spenderorgan. Ronn 6.000 konnten transplantéiert ginn, mee all Joer kommen der och nees dobäi. D’lescht Joer waren 10.000 nei Patienten op enger Waardelëscht fir een Organ.
Dat am heefegsten transplantéiert Organ ass d’Nier. Mat der Liewer ass dat och dat Organ, wat ka vun enger lieweger Persoun gespent ginn. Zum Beispill kënne Familljememberen eng Nier oder een Deel vun der Liewer spenden, dofir mussen awer vill Krittäre stëmmen. Vill méi dacks sinn d’Spende vun enger Persoun, déi duerch zum Beispill een Accident oder eng Krankheet hierdout ass.
Hei am Land waren d’lescht Joer 7 Persounen Organspender, domadder konnt 22 Mënsche gehollef ginn.
Zu Lëtzebuerg ass dem Gesetz no all Mënsch ee potentiellen Organspender. Mat engem “Passport de vie”, also engem Organspenderpass, kann ee seng Entscheedung nach méi däitlech kommunizéieren. Et kann een et och am elektronesche Patientendossier uginn. Dat mécht den Dokteren d’Aarbecht méi einfach an evitéiert, datt d’Familljen an engem schwéieren Ament schwiereg Decisiounen huele mussen.
Am Reportage am Magazin léiere mir d’Elisabetha Holzmacher an d’Sabrina Goncalves kennen. Déi zwou Fraen hunn eng chronesch Nierekrankheet a ware scho ganz jonk op eng Spendernier ugewisen.
D’Sabrina Goncalves krut mat 18 Joer eng Nier transplantéiert. Et war déi drëtt Transplantatioun an hirem Liewen. Déi éischt hunn net laang gehalen, et weess een ni wéi laang eng Spendernier hält. Déi drëtt Transplantatioun huet 21 Joer laang gehalen. Eppes, fir dat d’Sabrina Gonçalves ganz dankbar ass: “Nach haut, obwuel ech déi Nier net méi hunn, denken ech all Joers un déi Persoun mat engem klenge Bouquet Blummen an enger Käerz. Fir un déi Leit ze denken, déi gespent hunn an déi net méi hei sinn. Fir deenen einfach Merci ze soen, dass ech doduerch 21 Joer laang een normaalt Liewen hat a mäi Liewen do och opbaue konnt.”
Elo muss si nees an d’Dialys. Bei der Dialys gëtt d’Blutt souzesoe gewäsch. Den Traitement ass eng Chance: d’Maschinn iwwerhëlt, déi wichteg Aufgab, déi dat eegent Organ net méi ka maachen. Trotzdeem ass et eng Belaaschtung kierperlech, awer och mental. Dräi Mol d’Woch muss ee sech fir e puer Stonnen un esou eng Maschinn hänken.
Zu Lëtzebuerg ginn et zwou Associatiounen, déi sech mat der Organspend beschäftegen: Protransplant a Luxembourg Transplant.