Internationalen Organspenderdag2023 sinn zu Lëtzebuerg 5 Leit gestuerwen, déi op en neit Organ gewaart hunn

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg hunn d'lescht Joer 87 Patienten op e Spenderorgan gewaart. Fënnef Persoune si gestuerwen, ier se hiert neit Organ konnte kréien.
© RTL-Archiv

Déi Zuelen huet de Gesondheetsministère am Kader vum internationalen Organspenderdag en Donneschdeg geliwwert. D’Zuel vun den Organspenden zu Lëtzebuerg bleift weider geréng. Zejoert goufe siwe Prelevementer gemaach, dat Joer virdru waren et der aacht.

Duerch dës Done konnten am ganzen 22 Organer via d’Zentere vun Eurotransplant transplantéiert ginn. Eurotransplant koordinéieren d’Organspenden op EU-Niveau.

Zu Lëtzebuerg ass dem Gesetz no all Mënsch ee potentiellen Organspender. D’Autoritéite roden engem awer, e sougenannte “Passeport de vie”, also en Organspendepass auszefëllen, an dat sou och am elektronesche Patientendossier unzeginn. Dat mécht den Dokteren d’Aarbecht méi einfach an evitéiert, datt d’Familljen an engem schwéieren Ament schwiereg Decisiounen huele mussen.

Fir Organspender ze ginn, kann een hei säi “Passport de vie” ufroen.

Back to Top
CIM LOGO