2 Permisen ewechgehollEe Chauffer zu Esch gestoppt, een an der Stad

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien ass e Chauffer zu Esch negativ opgefall wéinst Alkohol um Steier an och an der Stad gouf en Automobilist vun der Police gestoppt.

Zwou Persoune kruten e Sonndeg, respektiv an der Nuecht hire Fürerschäin ewech geholl.

Zu Esch war ee Mann mat sengem Auto am Zickzack ënnerwee. Hien hat ze vill gedronk a keng Assurance um Auto. Géint hie gouf Plainte gemaach.

En zweete Chauffer hat ze vill Alkohol am Blutt, wéi en an der Stad an der Hollerecher Strooss kontrolléiert gouf.

An zu Péiteng war e Samschdeg de Moien e Chauffer ouni Gurt ënnerwee, géint deen et schonn e Fuerverbuet gouf. Och géint hie gouf eng Plainte gemaach.

Abriecher gepëtzt

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschden hat d'Police zwou Persoune festgeholl, déi an e Buttek an der Rue Michel Welter an der Stad agebrach sinn. Si koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO