D'Police melltEe presuméierten Drogendealer an zwee alkoholiséiert Chauffere gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E presuméierten Drogendealer gouf e Samschdeg de Moien um 10.45 Auer an der Géigend vum Abrigado an der Stad festgeholl.
© Laurent Weber

D’Persoun hat sech wärend enger Kontroll opfälleg verhalen. Se hat keng Pabeiere bei sech, dofir awer e puer Gramm Kokain, eng grouss Quantitéit Lyrica-Pëllen, eng Wo fir Drogen, a Bores. E Schnelltest op Kokain war positiv, esou d’Police an hirem Bulletin.

Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Dealer festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht. D’Drogen an d’Borgeld, grad ewéi d’Wo, goufe beschlagnaamt.

Zwee alkoholiséiert Chaufferen aus dem Verkéier gezunn

E Samschdeg den Owend géint 21 Auer gouf der Police dann nach e Fall vu Farerflucht gemellt. Ee Chauffer war an der Rue de Luxembourg zu Esch fir d’éischt an een Tickt-Automat an dunn an ee geparkte Won gerannt, ier en sech duerch d’Bascht gemaach huet, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren. D’Police huet de Chauffer schliisslech doheem besicht, wou hien dann och zouginn huet, alkoholiséiert gefuer ze sinn. Géint de Chauffer gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgesprach.

E Sonndeg an der Nuecht géint 2 Auer gouf dann nach een Automobilst zu Diddeleng erwëscht, deen hannert dem Steier ee klengen Tëmpche gehalen huet. Dofir hat e sech mam Auto bei ee Bësch kuerz virun der Kräizung tëscht der Route de Noertrange an der An der Soibelkaul gehalen, wou d’Polizisten hie mat den Aen zou, dofir awer mat lafendem Motor a mat de Luuchten un erwëscht hunn. D’Beamten hunn de Chauffer waakreg gemaach a festgestallt, datt hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. Een Alkoholtest huet dat confirméiert an och an dësem Fall gouf et ee Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO