Neie Projet vun der EU-KommissiounWat ass Europa fir mech? Zesummenhalt an Europa duerch Graffiti ënnersträichen

Lisa Weisgerber
D'Campagne "Hei an an Europa doheem" soll kloer maachen, datt d'Europäesch Unioun iwwerall present ass, och an de Stied an Dierfer zu Lëtzebuerg.

Zu Diddeleng an der Gemeng sëtze Politiker a Matbierger zesummen um Dësch, fir driwwer ze diskutéieren, wat Europa fir si ass a wéi si Europa am Alldag liewen.

Mam Atelier wëllt d’EU-Kommissioun Europa méi no bei d’Leit bréngen. Fir vill Persoune wier Europa Bréissel oder Stroossbuerg, dat wier wäit ewech, si géifen net verstoen, wat do gemaach an decidéiert gëtt. Et ass am Fong net esou. D’EU-Kommissioun wëll weisen, dass Europa een Deel vum Alldag ass, erkläert d’Anne Calteux, Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg.

Neie Projet vun der EU-Kommissioun
Wat ass Europa fir mech? Zesummenhalt an Europa duerch Graffiti ënnersträichen

Stéchwierder opschreiwen, driwwer schwätzen an d’Iddie kënschtleresch op de Pabeier bréngen, dat ass d’Zil vum Workshop. D’Gemengen Diddeleng, Esch-Uelzecht, Biissen, Mäerzeg a Wolz maache beim Projet mat. Een Element stécht zu Diddeleng kloer eraus: de Waassertuerm, vill Leit gesinn hei ee Lien tëschent Diddeleng an Europa.

No de Workshoppen gëtt elo awer net direkt drop lass gesprayt. D’Kënschtler hunn d’Skizzen agesammelt, fir bei sech am Atelier weider drun ze schaffen. Elo ginn déi verschidde Graffitie mol designt.

Fir Diddeleng ass de Waassertuerm Dat Element aus de Skizzen dat zeréck behale gouf. D’Kënschtler decidéieren net eleng, wat elo op d’Mauere gesprayt gëtt.

Ier d’Wierk op d’Mauer kënnt, muss et vu Gemeng an EU-Kommissioun validéiert ginn. Dat fäerdegt Resultat ass am Mee ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO