U sech si 50 Veräiner Member an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Sportfëscher, ma um Sonndegmoien haten awer “just” Vertrieder vun 31 Veräiner de Moien de Wee an d’Larei op Veianen fonnt. A wann ee sech e bëssi ëmgekuckt huet, ass engem den awer dach éischter héijen Duerchschnëttsalter opgefall. An dat louch net nëmmen um Dag an der Auerzäit, mee, wéi a villen anere Sportaarten, deet ee sech och an der Fëscherei generell schwéier domat, fir jonk Memberen ze fannen. Offanne wëllt ee sech domadder awer net.
Serge Petro (President vun de Lëtzebuerger Sportfëscher):
“Dat ass schonn ee Problem, dofir si mer frou, datt mer déi Jugendsectioun rëm belieft hunn, datt sech do Leit zesummefonnt hunn, déi eppes wëllen op d’Been setzen. Do si lo mëttlerweil rëm eng Dose Jugendlecher, virdru war dat wierklech mince mince. Mir mussen dat och ënnerstëtzen, zum Beispill mat Workshoppen a sou virun, fir d’Kanner an d’Elteren dozou ze bréngen, datt se bei d’Waasser kommen an gesinn, wéi flott dat ass.”
Eng net ganz onwichteg Roll beim Fësche spillt, wéineg iwwerraschend, d’Waasser. Datt et bei der Qualitéit vun de Gewässer zu Lëtzebuerg nach Loft no uewe gëtt, ass den ëffentlechen Autoritéiten no ganz kloer.
Marc Hans (Direkter vum Waasserwirtschaftsamt):
“Keent vun eise Gewässer ass no den europäeschen Normen am gudden Zoustand. Dat läit sécherlech dorunner, datt Lëtzebuerg een immens dicht besidelt Land ass an et zu Lëtzebuerg och eng immens héich Landnotzung gëtt, och vun der Landwirtschaft. Dat féiert dozou, datt mer an eise Gewässer haaptsächlech een Defi hu mat den Närstoffer a mat chemesche Substanzen an op där anerer Säit sinn eis Gewässer verbaut, dat heescht de morphologeschen Zoustand, wéi een dat nennt, deen ass net gutt.”
Am Fong géing ee mengen, datt sech dat och duerch negativ Repercussiounen op d’Fëschpopulatioun bemierkbar maache misst, mee dat schéngt awer net wierklech de Fall ze sinn.
Serge Petro:
“Ech si jo selwer nach Fëscher, ech fëschen nach Concoursen, ech fëschen och nach d’Championnat zu Lëtzebuerg an ech si vill beim Waasser, ech gi mindestens zwee bis dräi Mol d’Woch fëschen an ech kann awer lo näischt feststellen. Ech mengen, et stierwen ëmmer Fësch, dat ass natierlech, et kommen och heiansdo Fësch an de Weier, da sinn dat Fësch aus Ziichtereien, déi vläicht net sou koscher sinn.”
Ma trotzdeem wäert weider dru geschafft ginn, d’Qualitéit vun de Gewässer ze verbesseren. Zum Beispill duerch eng obligatoresch véiert Rengegungsstuf bei de Kläranlagen, méi streng Reegelunge fir Närstoffer an der Landwirtschaft an eng konsequent Renaturéierung vu Baachen a Flëss.