Chambre des métiersEen Drëttel vun Handwierksbetrieber fënnt net genuch Personal

Claude Zeimetz
Grad de Bausecteur wier vum Manktem u Personal besonnesch betraff. Aus dem Secteur heescht et dann och, datt vill Entreprisen hir Präisser missten upassen.
© AFP (Archiv)

D’Handwierksbetriber zu Lëtzebuerg fille sech eegenen Aussoen no tëscht Hummer an Amboss. D’Chambre des métiers huet de Bols gefillt an eent ass kloer, mat der héijer Inflatioun, Materialenkpäss an dem Manktem u qualifizéiertem Personal, war d’Moral scho mol besser.

Moral an den Handwierksbetriber / Reportage Claude Zeimetz

De Krich an der Ukrain huet, wéi net anescht z’erwaarden, och negativ Auswierkungen op d’Aktivitéiten am Handwierk zu Lëtzebuerg. Allgemeng géife sech d’Betriber veronséchert fillen, well net ofzegesinn ass, wéi sech d’Situatioun an den nächste Méint entwéckelt. Onsécherheet ass bekanntlech Gëft fir d’Wirtschaft. De Betriber feelt et u Planungssécherheet. Derbäi kënnt, datt der vill nach ëmmer un den Auswierkunge vun der Pandemie ze knaen hätten. Covid wier och nach net eriwwer. Eng ganz Rei Betriber hätte weiderhi mat Krankeschäiner ze kämpfen, woubäi se souwisou schonn net genuch Leit virdrun haten.

Bal een Drëttel vun den Handwierksbetriber ass eegenen Aussoen no limitéiert, well se net genuch Personal fannen. De Problem vum Manktem u qualifizéierte Personal wier scho virun der Pandemie do gewiescht, ma hätt sech verschäerft, schreift d’Chambre des métiers an hirer Nott. Virun allem Betriber aus dem Bausecteur kloen, datt si net genuch Leit fannen. Dee Beräich wier och am stäerkste vum Manktem u Material betraff.

Duerch de Krich an der Ukrain an d’Lockdown-Mesuren an Asien gouf de Manktem u bestëmmte Materialien nach verstäerkt. A verschiddene Fäll wieren d’Käschten dowéinst explodéiert a géifen deels och vill schwanken, eppes, wat d’Betriber nëmme schwéier gestemmt kréien, sou d’Chambre des métiers. Devisë schreiwen, wier a sou engem onséchere volatille Kontext schwiereg. Méi héich Akafspräisser heescht fréier oder spéider och méi héich Präisser.

An den éischten 3 Méint vum Joer hätten 51 Prozent vun den Entreprisen uginn, datt si d’Präisser an d’Luucht gesat hunn. 64 Prozent géingen dat elo am zweeten Trimester plangen. Och wann d’Enkpäss beim Material all d’Beräicher vum Handwierk betrëfft, kéinten d’Auswierkungen dovunner souguer d’Iwwerliewe vu verschiddene Bauentreprisen a Fro stellen. Besonnesch, wann e Betrib am Kader vun enger ëffentlecher Ausschreiwungen, den Zouschlag kréie géif, kéint et sinn, datt si wéinst extraordinäre Präishaussen d’Verflichtunge vum Kontrakt net méi anhale kënnen. D’Regierung hätt an deem Sënn Enn Mäerz eng Kommunikatioun rausginn, ënnert wéi enge Konditiounen een den Ament e Kontrakt ännere kéint a wéi een den aktuellen Entwécklunge kéint Rechnung droen. An där Kommunikatioun wier och der ëffentlecher Hand recommandéiert ginn, keng Strofe virgesinn, wann et zu engem Retard kënnt, deen net virauszegesi war.

LINK: D’Schreiwes vun der Chambre des métiers

Back to Top
CIM LOGO