
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu engem positiv geteste Patient. Dat sinn der elo am Ganze 4.040. Vun den Infizéierte sinn der 3.263 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 88.234 Tester gemaach. Vun e Sonndeg op e Méindeg ass dat eng Hausse vun 183 Tester, vun deene wéi gesot 1 positiv waren.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 29 aktiv Infektioune ginn an 3.901 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell si 28 (+4) Patienten hospitaliséiert, 2 (+1) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 935 (+1) Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,780. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
